Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Weltbierger

Weltbierger

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

One World, dat ass z. B. anatolesche Rock vun Altin Gün, d'Band ass awer zu Amsterdam baséiert. Mir gesinn och, wann et nach Grenze ginn, esou sinn d'Museker an hirem Ausdrock awer éischter Weltbierger.

Decouverte vun dëser Woch sinn Hack-Poets Guild. Dat ass eng nei Collaboratioun tëschent dräi innovativen zäitgenësseschen englesche Folk-Kënschtler: Marry Waterson, Lisa Knapp an Nathaniel Mann, déi elo de 17. Januar als Hack-Poets Guild eng nei Single, "Ten Tongues" verëffentlecht hunn. Hir Inspiratioun sinn historesch Ballade vum 16. bis 20. Joerhonnert.

Et gi Museken, déi ee ganz einfach iwwersäit, well d'Artisten an eise Géigenden net bekannt sinn, esou z. B. véier Museker aus Brasilien, déi sech Bazar Pamplona nennen.

Interessant sinn och déi Artisten, déi fir den Ecran komponéieren, wéi de Christophe Julien. Säi Studio-Album "The Girl with the Purple Smile" koum am Dezember 2021 eraus.

D'Kanadier vun Timber Timbre a eenzeler vun hiren zäitlose Lidder sinn och ze héieren op der BO vum Thomas Vincent sengem (iwwregens excellente) Film "La nouvelle vie de Paul Sneijder" mat ë. a. dem Thierry Lhermitte.

Hie war grouss, schlank, huet gutt ausgesinn an huet d'Gittar gespillt wéi e Gott, den Tom Verlaine Frontmann vun der New Yorker Rock-Band Television. Television hunn d'Rockgeschicht wesentlech beaflosst, och wann dat Laangzäit kaum ee gemierkt huet. Mat 73 Joer ass den Tom Verlaine de leschten 28. Januar vun eis gaangen.

Playlist:


Altin Gün - Leylim Ley - Leylim Ley/Single
Liraz - Tanha - Roya
Freddy Cole - Brother, Where Are You? (feat. Buddy Cooner, Ed Edwards & Paul Avery) - The Cole Everybody Knows / The Best Year of My Life
Charlie Musselwhite - Pea Vine Blues - Mississippi Son
Vieux Farka Touré - Be Together - Les Racines
Hack-Poets Guild - Daring Highwayman -Ten Tongues (feat. Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann)
Hack-Poets Guild - Ten Tongues - Ten Tongues
Adomaa - Circus - Becoming Adomaa
Bazar Pamplona - É Tão Cafona o que Eu Sinto Por Você - Todo Futuro é Fabuloso
Christophe Julien - The Road - The Girl with the Purple Smile
Timber Timbre - Black Water - Creep On Creepin' On
Television - Call Mr. Lee - Television
The Inspector Cluzo - Cultural Misunderstanding - Brothers In Ideals - We The People Of The Soil
The Inspector Cluzo - Little Girl & The Whistlin Train - Brothers In Ideals - We The People Of The Soil - Unplugged

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow