Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Kleng Pärelen

Kleng Pärelen

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

"Chinal Ka 1973-1995" ass eng Anthologie, déi enger grousser Figur vun der Musek aus der Guadeloupe gewidmet ass, dem Erick Cosaque, eng Decouverte!

De franséischen Jazz-Museker Guillaume Perret huet keng Beréierungs-Ängschten an zéckt net de Klang vu sengem Saxofon ze trafiquéiere mat all méigleche Pedallen an Influenzen, d'Resultat ass erfrëschend a beréiert.

Déi nei zukünfteg Ikon vun der elektronescher Zeen aus Ost-Afrika heescht Asna vun der Côte d'Ivoire. Hir éischt Dancefloor-Single Atalaku verbreet der Artistin hiert Engagement fir d'Fräiheet.

D'Sängerin Maha vun der Salah Ragab's Cairo Jazz-Band hat 1979 den Album "Orkos" opgeholl. Dës kleng Pärel, déi Jazz an ägyptesch Gesangs-Traditioune mat Funk, Latin a Soul verbënnt, koum ursprünglech op K7 eraus ...

Den Nilsson war e Pionéier a Saache Vokal Overdub Experimenter, hien huet den american Songbook revisitéiert, huet Fusioune mat karibesche Kläng geschaaft a war en Tenor mat dräi an eng hallef Oktaven.

Playlist:


Ali Farka Touré - Safari - Voyageur
Vieux Farka Touré & Khruangbin - Diarabi - Ali
Erick Cosaque - Guadeloupe, île de mes amours - Chinal Ka 1973 - 1995
Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Marvin - Marvin - EP
Wax Tailor - Shaman In Your Arms (feat. Jennifer Charles) - Fishing For Accidents
Guillaume Perret - Peace - A Certain Trip
Mariana de Moraes - Taboo (Tabu) [Canto de Iemanjá] - Desejo
L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men
Asna - Atalaku - Atalaku
Maha - We Mesheet - Orkos (Habibi Funk 020)
Ÿuma - Denia Dour - HANNET LEKLOUB
Harry Nilsson - Coconut - Nilsson Schmilsson

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow