Am Fong
Kriibs a Sexualitéit - en duebelen Tabu
55 min
D'Diagnos Kriibs trëfft ee wéi e Schlag a rappt een aus dem Liewen. Alleguerten d'Beräicher si betraff a villes verännert sech. Iwwerdeems de Kierper ëm d'Iwwerliewe kämpft, gëtt och d'Psyche getraff.
Radio-, Chimio- oder Hormontherapie: d'Traitementer géint de Kriibs hunn Niewewierkungen, déi kierperlech Belaaschtunge verursaachen an de Kierper veränneren. Eng Verännerung, déi schwéier ze erliewen ass a bewierke kann, datt betraffe Persounen en anert Bild vu sech kréien an aneschters mat hirer Intimitéit ëmginn, wat en Impakt op d'Partnerschaft kann hunn.
D'Fondation Cancer bitt an engem gratis Service sougenannten onco-sexologesch Consultatioune fir déi psycho-sexuell Schwieregkeeten, déi mat der Krankheet verbonne sinn, ze thematiséieren an unzegoen. Mam Zil, datt betraffe Persoune hir Intimitéit zeréckgewannen an nees zu enger erfëllter Sexualitéit fannen. Donieft proposéiert d'Fondation Cancer Webinairë mam Titel "Cancer et Sexualité, fir Fraen a Männer".
Kriibs a Sexualitéit sinn zwee Tabutheemen. Wisou? Wéi schafft den Departement psychosozial? Wat sinn onco-sexologesch Consultatiounen? Wéi stäerken se Kriibspatienten hiert Selbstwäertgefill?
D'Emissioun Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Psychologin a Psychotherapeutin vum Departement psychosocial vun der Fondation Cancer, der Martine Risch.