Wann ech iech soe d'Alzheimer Krankheet oder d'Parkinson Krankheet, dann ass dat Iech sécher e Begrëff, bei dëse Krankheeten schwätzt ee vun neurodegenerative Krankheeten, dozou gehéieren och d'Multipel Skleros, oder ALS, eng amytroph Lateralskleros.
Invité beim Jean Claude Majerus ass de Professer Dr. Rejko Krüger, Neurolog am Centre Hospotalier, Professer fir Neurosciencen op der Uni Lëtzebuerg a Fuerscher um Luxemburg Institut of Health. De Professer Krüger beschäftegt sech virun allem mat der Alzheimer- a Parkinson-Krankheet. Et geet besonnesch dorëms an enger Online-Ëmfro Donnéeën ze sammelen, fir Risikofaktoren vun neurodegenerative Krankheeten ze isoléieren, an domat Therapie-Méiglechkeete weider ze dreiwen. Eng Ëmfro, déi ee ka matmaachen. Méi Informatioune ginn et hei.