Am Fong
"Um Ball - 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg"
55 min
De Fraefussball huet zu Lëtzebuerg eng Geschicht, just kennen déi mannste Leit se. Dat huet eng Partie Ursaachen; virop e banal a sexistesche Grond: de Fraefussball ass als Konzept ëmmer nach net an alle Käpp ukomm.
Eng gesammelt Geschicht vum Lëtzebuerger Fraefussball gëtt et bis elo net. Den Documentaire "Um Ball" ass deen éischte Projet, dee sech mam beléiftste Sport zu Lëtzebuerg auserneesetzt. Et ass en Zäitdokument, eng Bestandsopnam vun de leschte 50 Joer, en Documentaire, deen hëlleft ze verstoen, wisou de Fraefussball haut esou ass.
D'Journalistin Tessy Troes huet mat der Soziolinguistin Sarah Muller de Sujet recherchéiert a béid Frae sinn dofir 50 Joer zeréck an d'Zäit gereest. An d'Joer 1972, op Biissen, wou e Grupp jonk Frae sech zesummegedoen huet, fir Fussball ze spillen. Och zu Monnerech an zu Nidderkuer goufen déi Zäit Ekippe gegrënnt. D'Matcher sinn deemools virun engem Public ausgedroe ginn, deen d'Fraen net allze seriö geholl huet, iwwerdeems d'Dammen ouni Lizenzen oder Clibb, Championnater gespillt hunn.
70 Minutte laang suivéiert den Documentaire iwwer Extraite vun Zeitungsartikelen a Videomaterial d'Liewe vun dëse Pionéierinnen um Terrain. Temoignagen, déi beleeën a wéi wäit et deemools net vill Akzeptanz fir Fussballerinnen gouf. Spréch wéi: "Elo kréie mir eppes ze laachen", oder "wëlls de dech net Heem hanner d'Kachdëppe stellen", waren Usus, an awer hunn d'Frae weider trainéiert, gespillt, am Bulli an de Wisen.
Datt si net eescht geholl goufen an offälleg Remarken ze héiere kruten, war hinnen egal, si sinn hirer Passioun, dem Ball, nogelaf, a wollte ganz einfach Fussball spillen. Dacks mat net manner Engagement, Schweess a Kompetitiounsgeescht wéi d'Männer.
De Film weist och d'Versich am turbulenten éischte Véierelsjoerhonnert Fraefussball eng Nationalekipp ze grënnen, e BeNeLux-Tournoi a mam Progrès Nidderkuer eng Ekipp, déi jorelaang duerch d'Belsch an Däitschland fiert, fir iwwerhaapt kënnen e Fussballchampionnat ze spillen.
Ufanks den 2000er kënnt et dann zu engem richtege Boom am Lëtzebuerger Fraefussball - mat enger historescher WM-Qualifikatioun 2021/2022, wou et Lëtzebuerg geléngt, dräi Matcher ze gewannen.
Wat huet sech dann an der Mentalitéit zanter de 1970er Joren verännert? Wéi kuckt d'Welt 2023 op de Fraefussball? Wat huet d'Pionéierinne gedriwwen, a wéi wäit si si Feministinnen?
Am Fong geet der Saach op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat der Tessy Troes, Realisatrice vum Documentaire an der Sarah Müller, Soziolinguistin.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)