Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Voices

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Den Hamburger Kaiser Quartett huet en neien Album "Empire". D'Sträicher imitéieren eng Gittar, e Bass oder Drums, bei der éischter Single "Take Heart" ergëtt dat e Folksong, deen an all Ouer passt.

"D'Wouerecht ass eng relativ Saach, se kann ëmmer ugepasst ginn", séngt déi norwegesch Sängerin Sidsel Endresen. Zesumme mat hirem Landsmann Bugge Wesseltoft héiere mir si an hir experimentell Stëmm-Recherchen um Album "Out Here In There".

Punkto aussergewéinlech Stëmm, den Davide Ambrogio ass en Deel vun der oraler Traditioun aus Aspromonte am Süde vun Italien, wou all Lidd en Deel vun engem Ritual ass. De kalabresesche Sänger a Multi-Instrumentalist Davide Ambrogio lauschtere mir vum Debut-Album "Evocazioni e Invocazioni".

Eng aner faszinant Stëmm ass déi vum Sänger Jacob Lusk vu Gabriels. Den Trio vun LA huet seng ganz eegen Aart a Weis Soul, Gospel a Funk mateneen ze verbannen.

De Mulatu Astatke zesumme mam Kollektiv Black Jesus Experience vu Melbourne verbënnt traditionell äthiopesch Musek mat Hip-Hop a Funk.

Déi äthiopesch Sängerin Gigi mat hirem All-Star Ensembel léist eng aner Fusioun vun den äthiopeschen Traditiounen hei mat afrikaneschen Influenzen erkléngen.

Den Nicola Són ass zu Paräis gebuer, mee huet eng Rëtsch Joren a Brasilie gelieft. No enger Trilogie, bei där hien d'Rhythmen aus verschiddene Regiounen erfuerscht huet, verëffentlecht den Nicola Són "Piaf Do Brasil', eng Relecture vun der "Môme" hire gréisste Succèsen.

Playlist:


L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men
Kaiser Quartett & L'aupaire - Take Heart - Empire
Kaiser Quartett - Chase - Kaiser Quartett
Bugge Wesseltoft & Sidsel Endresen - Truth - Out Here In There
Davide Ambrogio - A Sant' Andrea - Evocazioni e Invocazioni
Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
Gabriels - Bloodline - Bloodline
Mulatu Astatke & Black Jesus Experience - To Know Without Knowing - To Know Without Knowing
Abyssian Infinite feat. Gigi - Gela - Emociones, Vol. 1
Nicola Són - Padam Padam - Piaf do Brasil
Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé - Single
Yvan Robilliard - Double jeu - Homemade

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow