Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  John Andrews & The Yawns - Never Go Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Spring Music 2023

Spring Music 2023

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

D'Sandra Nkaké, Sängerin a Schauspillerin, geet reegelméisseg Kollaboratioune mat aneren Artisten an. Fënnef Joer no "Tangerine Moon Wishes" huet si hire véierten Album "Scars" de 14. Abrëll via Pias verëffentlecht.

The Lemon Twigs, en Duo vu Long Island, huet "Every Day Is The Worst Day Of My Life" online gesat. Nach ëmmer Adepte vun enger cooler Indie-Pop kënnegen d'Lemon Twigs hire véierten Album "Everything Harmony" fir ufanks Mee un.

D'Aktualitéit weist, datt d'Fraen op der ganzer Welt nach ëmmer fir hir Rechter kämpfe mussen. Déi franséisch Batteuse Anne Paceo publizéiert "From Shadows To Light", en neit Lidd, dat all de Fraen an hirem Kampf Hoffnung spende soll.

Déi westafrikanesch Kora vum Toumani Diabaté trëfft op déi persesch Kamantsche vum Kayhan Kalhor. "The Sky Is the Same Colour Everywhere", esou heescht deen neie gemeinsamen Album vun dësen zwou grousse Perséinlechkeeten, deen en aussergewéinlechen Dialog erklénge léisst.

Eng aner grouss Pärel ass deen neien Album "Street of Minarets" vum tuneeseschen Oud-Spiller Dhafer Youssef, dee sech - och hien - gutt ëmginn huet.

Den Jazz Gittarist Pat Metheney, dee sech zanter de Mëtt 70er Joren als aflossräichste Museker etabléiere konnt, kënnegt och en neien Album un, deen de 16. Juni erauskomme soll. Dëser Deeg huet hien en éischten Titel mat eis gedeelt.

Playlist:


Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu
Sandra Nkaké - Under My Skin - Scars
Martina Topley Bird - Baby Blue - Some Place Simple
The Lemon Twigs - Every Day Is the Worst Day of My Life - Everything Harmony
Juan Wauters - Introducing Juan Pablo - El Hombre de la Calle
Alison Krauss & Robert Plant - Trouble with My Lover - Raise The Roof (Deluxe Edition)
Anne Pacéo - From Shadow to Light - From Shadow to Light
Dhafer Youssef - Whirling in the Air (feat. Rakesh Chaurasia, Nguyên Lê & Dave Holland) - Street of Minarets
Kayhan Kalhor & Toumani Diabate - The Sky Is the Same Colour Everywhere - The Sky Is the Same Colour Everywhere
Pat Metheney - Are You Going Withe Me - Offramp
Pat Metheny - From The Mountains - Dream Box

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow