Am Fong
D'Bindung ass d'Basis fir eng gutt Entwécklung
55 min
![on the headlines](/legacy/images/7399/image-thumb__7399__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno%202.11f34449.jpg)
Wat ass Bindung? Wéi eng Viraussetzunge mussen erfëllt sinn, fir eng sécher Bindung zu anere Persounen opzebauen? Wéi kann ee Kanner hëllefen, déi als Puppelcher keng sécher Bindung konnten zu anere Persounen opbauen?
De Gilbert Pregno seet, datt een eng Bindung zu enger oder méi Persoune brauch, fir kënnen ze iwwerliewen. Hien ass Psycholog, Familljentherapeut, Papp a Grousspapp.
D'Bindung, déi een als kleng Kanner zu anere Leit opbaut, huet Auswierkungen op déi spéider Fäegkeet, als Erwuessene Bezéiungen zu anere Persounen anzegoen.
"Bindung, wa se gutt funktionéiert, schaaft beim Kand e Gefill vu Sécherheet, en Hafen, an deen et kann zeréckkommen."
Zäit, Disponibilitéit, Rou, sech op d'Kand aloosse kënnen, alles dat si Viraussetzunge fir eng sécher Bindung opzebauen.
Bindung kéint een net nohuelen. Et géifen Zäitfënstere ginn, an deenen d'Kand d'Bindung zu anere Persounen opbaut. Wann déi iwwerschratt sinn, no deem éischte Liewensjoer, wier et ganz schwéier nach eppes ze reparéieren. Mee:
"All Liewen ass liewenswäert, egal wat an engem sengem Liewe geschitt ass."
An der Entwécklungspsychologie ginn et déi dräi "B"en: Bindung, Bezéiung, Bildung. Bindung schaaft d'Fäegkeet vum Kand mat anere Leit an d'Bezéiung ze goen a se schaaft och de Grondsaz fir duerno kënnen ze léieren.
"Lëtzebuerg ass kee bindungsfrëndlecht Land".
Kanner an der ëffentlecher Diskussioun wieren dacks Schüler:innen. Meeschtens géif et bei deenen Diskussiounen dorëms goen, wéi gutt oder net gutt si an der Schoul sinn, kritiséiert de Gilbert Pregno. Kleng Kanner, déi an der non-formaler Bildung betreit ginn, hätten och Bedürfnisser an dat wieren dacks anerer, wéi déi vu méi ale Kanner. Et wier nach net iwwerall bewosst, datt d'Bindung vun der Gebuert un an d'Konditioune bestëmmend si fir d'Wuelbefanne vun de Kanner.
Kleng Kanner, wa si op d'Welt kommen, hu scho ganz vill Kompetenzen. Si kënnen ënnerscheeden tëschent Reegelen, déi et doheem ginn a Reegelen, déi zum Beispill an enger Crèche sollen agehale ginn. Et wier awer wënschenswäert, wann d'Wäerter op alle Plazen déi nämmlecht wieren, esou nach de Gilbert Pregno. Ma grondsätzlech Wäerter sollen d'Kanner doheem léieren an net an anere Betreiungsstrukturen oder an der Schoul.
D'Still Face Experiment weist, wéi staark Kanner op eng Bindungspersoun reagéieren
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)