D'Chantal Feltgen ass Psychologin, Familljentherapeutin a Mediatrice. Si huet 19 Joer laang am Beräich vun der Fréifërderung bei Kanner mat spezifesche Besoine geschafft. Wéi erkennt een, ob e Kand a säin Ëmfeld Hëllef an Ënnerstëtzung braucht? Wéi schwätzt ee mat den Elteren doriwwer, a wéi ginn och Geschwësterkanner net vergiess?
Unhand vu fiktive Fallbeispiller erkläert d'Chantal Feltgen, wéi ee Wee d'Kanner an hiert Ëmfeld viru sech hunn a wat bei motoreschen oder sproochlechen Entwécklungsverzögerungen, respektiv bei kierperlechen oder psycheschen Aschränkunge gemaach gëtt.
D'Tessy Steffen Koenig féiert duerch d'Gespréich.