Radioen

On air

Notturno  |  King Gizzard & The Lizard Wizard - Gila Monster

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Universelle Groove

Universelle Groove

headphones

59 min

Lauschteren play_arrow

Deem spuenesche Multi-Instrumentalist Gecko Turner säin neien Album "Somebody From Badajoz" ass frësch um Maart. Den Disk léisst dem Turner säin universelle Groove erkléngen an och säin Talent fir Orchestratioun an Arrangementer.


Eng aussergewéinlech Mëschung aus Soul, Gospel a Funk héiere mir vum Trio Gabriels vun LA ... e Coup de Coeur!


Decouverte dës Kéier ass Peter Cat Recording Co, eng Band vun New Delhi, ganz erfrëschend ass hiren Album "Bismillah" ...


Deen éisträichesche Biolog an Auteur Clemens G. Arvay hat sech mam Theema Gesondsheets-Ökologie auserneegesat. Dee jonke Wëssenschaftler an och Museker ass de leschten 18. Februar gestuerwen. Eng Improvisatioun mat Banjo a Gittar opgeholl doheem an der Stuff léisst e schéinen, intime Moment erkléngen.


Den David Walters erfuerscht säi kreolescht Ierwen an och doriwwer eraus de Rescht vun der Welt. Dance an tropesch Disco-Beats héiere mir beim neien Album "Soul Tropical", e Manifest vun enger positiver Liewensastellung.


Playlist:



Gecko Turner - De balde - De balde - Somebody From Badajoz

Gecko Turner - Ain't No Fun Preachin' to the Choir - Somebody From Badajoz

Gecko Turner - Am I Sad? - Somebody From Badajoz

John Milk - Don't Blame the Hammer - Don't Blame the Hammer - EP

Gabriels - Blame - Bloodline - EP

Woodkid - I Love You - The Golden Age

Peter Cat Recording Co. - I'm This - Bismillah

Clemens G. Arvay - Improvisation Clemens und Thomas, Banjo und Gitarre

David Walters - An Lot Soley - Soul Tropical

David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.