Fräie Mikro
Fir eng finanziell Entschiedegung vun der onbezuelter Care-Aarbecht
4 min
An deene leschte Méint gouf vill geschwat a geschriwwen iwwer d'Wichtegkeet vun enke Bezuchspersounen an deenen éischten dräi Liewensjoer fir eng sécher Bindung an domat eng stabil Basis fir d'Liewe kënnen opzebauen. Vir- a Nodeeler vu Friembetreiung an de Crèchen a Maisons relaise goufen debattéiert. Fuerderungen no engem bessere Betreiungsschlëssel, no méi Qualitéit am non-formale Bildungsberäich oder och nach d'Ausbezuelung vun de Chèques-Servicen un Elteren, déi manner schaffen, fir sech doheem ëm hir Kanner ze këmmeren, goufe gefuerdert. Mam leschte Punkt befaasst sech d'Isabelle Schmoetten an hirem Fräie Mikro.