Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Gainsbourg - Deadly Valentine

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Flow & Groove

Flow & Groove

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Op sengem neien Album 'Night Trippin'' trëfft den englesche Sänger Hugh Coltman op de Gitarrist Matthis Pascaud fir e gemeinsamen Hommage un de legendären Dr John.


L'Attirail ass e Grupp deen 1994 vum Xavier Demerliac a Jean-Stéphane Brosse gegrënnt gouf. Si erfannen eng akustesch Musek ouni Grenzen.


Hack-Poets Guild ass déi nei Collaboratioun tëscht den 3 uniquen englesche Folk-Artisten Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann.


Decouverte vun dëser Woch ass den 2ten Album 'Empire' vum Hamburger Kaiser Quartett. Wéi mer dat vun hinne gewinnt sinn, héiere mer och hei e sophistiquéiert Wierk wat Klassik, Pop an aner Influenzen matenee verbënnt.


Et gi Lidder déi ëmmer erëm schéin ze lauschtere sinn an déi net duerch e schnellen Zäitgeescht a Vergiessenheet gerode sollten, eent vun dësen ass ze fannen um Bertrand Belin sengem Album 'Parcs', Disk deen 2013 erauskoum.


"Every Loser" heescht dem Iggy Pop säin neien Album. De Sound ass haart awer häerzlech a säi Message eng batterbéis Ofrechnung mam Zäitgeescht.


Eng absolut Reduktioun op dat Wesentlecht, esou beschreift de Schwäizer Museker Nik Bärtsch seng Musek. Hei geet et drëms mat engem spezielle Pattern an de Flow, an de Groove ze kommen.


Filigran Klangwelten aus Estland entdecke mer bei Puuluup.


Ré-Editiounen sinn och do, fir datt wichteg Disken net a Vergiessenheet geroden, sou zb Yo La Tengo hiren 'I Can Hear the Heart Beating As One'. D' 25th Anniversary Deluxe Edition, déi d'lescht Joer erauskoum, erënnert u gläich e puer kleng Pärelen!


80ies Feeling haut mat der Nina Hagen Band. D'Lidder vun dësem Album sinn entstane nodeems d'Sängerin 1977 vun Ost- op West-Berlin iwwergesiedelt ass.


Jodel a komplexen Uewertoun-Gesang héiere mer vum Christian Zehnder op sengem éischte Solo-Album Album 'Kraah', en Disk zu Éiere vum Kueb.




DeWolff - Will O' the Wisp - Love, Death & in Between


Matthis Pascaud & Hugh Coltman - Same Old Same Old - Night Trippin'


Hack-Poets Guild - Ten Tongues (feat. Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann) - Hack-Poets Guild


L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men


Kaiser Quartett & L'aupaire - Take Heart - Empire


Iggy Pop - My Animus (Interlude) - EVERY LOSER


Bertrand Belin - Comment ça se danse - Parcs


Nik Bärtsch's Ronin - A - Awase


Cyril Lefebvre - Cocaïne Blues


Puuluup - Kasekesed - Viimane Suusataja


Yo La Tengo - Center of Gravity - I Can Hear the Heart Beating As One (25th Anniversary Deluxe Edition)


Future Islands - Like the Moon - Singles


Nina Hagen & Nina Hagen Band - African Reggae - Nina Hagen Band


Zehnder - Ho Hej Hohu - Kraah


Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.