Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Say Yes Dog - Stronger

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ No Frontiers

No Frontiers

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Marc Ribot ass bekannt als Sideman vu villen anere bekannte Museker, dorënner e Wilson Pickett, Chuck Berry, Bashung ... ale Kompliz och vum Tom Waits a reegelméissege Collaborateur vum John Zorn. Säi Punk-Jazz-Rock Power Trio Ceramic Dog annoncéiert elo e fënneften Album fir de Juli, "Connection" iwwerschriwwen. Hei test deen amerikanesche Gittarist zesumme mat senge Kolleegen d'Limitte vun de Genren.


Den englesche Riedner, Dichter a Museker Gus Fairbairn, bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Alabaster Deplume sicht op sengem leschten Album "Gold" eng aner Alchimie: an zwar déi fir d'Angscht an de Courage a Léift ëmzewandelen.


Dem Elvis säi "Blue Suede Shoes" gëtt interpretéiert vum franséische Gittarist Seb Martel. E spezielle Sound, an dat kënnt dohier, datt al Instrumenter zum Asaz kommen. Esou konnt den Album "Saturn 63" an der Zesummenaarbecht mam Musée de la Musique an der Philharmonie vu Paräis realiséiert ginn.


Eng vun den Decouverten dës Woch ass den Unknown Mortal Orchestra aus New Zeeland an hiren neien Album "V". Et ass en Duebelalbum, dee vill Influenzen un den Dag leet, dorënner déi hawaiianesch Hapa-Haole-Musek ...


Decouverte och sinn Angels Of Libra. Den Album "Revelations" ass an der Zesummenaarbecht mam iresche Singer-Songwriter Nathan Johnston entstanen. En interessante Songwriting héiere mir hei mat pertinenten Texter, déi eng Bréck schloen tëschent ale Mythologien an der Welt vun haut.


Och derbäi dës Kéier de beandrockenden neien Album vum Eric Bibb. Hei ass den amerikanesche Folk-Museker op en Neits op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.


Playlist:



Marc Ribot y los Cubanos Postizos - No Me Llores Mas -Marc Ribot y los Cubanos Postizos

Marc Ribot & Ceramic Dog - Connection - Connection - Single

Seb Martel - Blue Suede Shoes - Saturn 63

Alabaster Deplume - The World Is Mine - Gold

Anne Pacéo - From Shadow to Light - From Shadow to Light - Single

Oan Kim - Agony - Oan Kim & the Dirty Jazz

Unknown Mortal Orchestra - Nadja - V

Angels Of Libra & Nathan Johnston - Revelations - Revelations

Etienne de la Sayette & Wild Horses Orchestra - Nave Nave Moe - Nave Nave Moe

Ibrahima Cissokho & Mandingue Foly - Ware - Liberté Mom Sa Bop

Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin'

The Touré-Raichel Collective- Azawade - The Tel Aviv Session

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Papa Kossa - Nocturne


Episoden

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow