Am Fong
École du Goût - Eng Schmaachschoul fir Lëtzebuerg
55 min
D'virlescht Woch gouf zu Branebuerg déi fuschnei Schmaachschoul ageweit. D'Konzept, dat aus Frankräich kënnt, gëtt et hei am Land schonn zanter 2007, awer zu Lëtzebuerg ass et bis ewell d'École du Goût just a Form vu Workshoppen an de Schoule ginn.
Elo huet d'Schmaachschoul e feste Sëtz an der Al Millen. Do solle Kanner an Erwuessener zeréck op de Goût kommen a regional Produiten erfuerschen. Gesond Iesse ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet.
Mir iessen dräi Mol am Dag. Mee wou kënnt dat, wat op den Dësch kënnt, hier? Wat huet eisen Teller mat der Ëmwelt, dem Klima an der regionaler Entwécklung ze dinn? An, schmaache mir iwwerhaapt nach?
D'Schoul wëllt ronderëm de Goût sensibiliséieren an den aktiven Austausch mat der Liewensmëttelbranche hierstellen - Produzenten, Gastronomen, Eenzelhändler a Konsumenten.
Iwwer interaktiv pedagogesch Moyenen, Workshoppen an individuell Aktivitéite wëllt d'Schoul déi fënnef Sënner lackelen, fir ze léiere richteg ze schmaachen, d'Freed an de Virwëtz op Iessen ze fërderen an iwwerdeems e Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafen.
De Wee féiert noutgedrongen iwwer divers Froen:
Wou kënnt eist Iessen hier? A wat fir enger Relatioun steet et mat der Ëmwelt oder dem Klima? Wat bitt d'Schmaachschoul Jonker an Erwuessener?
Am Fong geet dëse Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich mat den zwee Invitéen, der Ernärungsberoderin Simone Dégardin an dem Laurent Baulesch, deen de Projet geleet huet.
Episoden

D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.

Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.

Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.

Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.

Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.

Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger

De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".

Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.

D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
