Am Fong
Fukushima: 12 Joer noom Supergau
56 min
Enn Abrëll war de Greenpeace Expert fir Atom Froen, Roger Spautz um Site vun der japanescher Atomzentral vu Fukushima. Eng Plaz déi Synonym vun enger vun de gréissten Nuklear-Katastrophen an der Geschicht vun der Mënschheet ass. Ausléiser waren am Mäerz 2011 en Äerdbiewen an en Tsunami, mat devastéierem Effekt. Den Tsunami nom Séibiewen huet d'Atomzentral Fukushima Daiichi getraff, wou et zu engem Meltdown vun dräi Reaktere komm ass. Iwwer 22.000 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm. Aus engem Radius vun 20 Kilometer ronderëm d'Wierk hunn 160.000 Awunner misse flüchten. De Bedreiwer Tepco huet déi nuklear Brennstief mat Mierwaasser gekillt. Eréischt am Dezember dat Joer waren d'Reakter stabiliséiert.
Dees déi ganz Welt nogekuckt huet, ass ugefaangenginn sech Gedanken iwwer Atomenergie ze maachen. Wéi ass d'Situatioun haut? Wéi liewen d'Populatiounen op der Platz ? Huet de Supergau eist Bewosstsinn verännert ?
Viru gutt dräi Woche sinn déi lescht Atomzentralen an Däitschland ofgeschalt ginn, iwwerdeems 11 EU Staaten op d'zivil Notze vun der Atomenergie setzen, des hunn eng nuklear Allianz geschaaft. Kritiséiert gëtt, datt elo nach méi laang vill CO2 duerch Kuelekraaftwierker ausgestouss gëtt. Kritiker fäerten iwwerdeems duerch de Krich an der Ukrain Versuergungsenkpäss a méi héich Präisser fir d'Energie. Ma den Atomstroum an Däitschland hat rezent just nach wéineg Impakt. D'Atomkraaftwierker Isar 2 a Bayern, Emsland a Niedersachsen a Neckarwestheim 2 a Baden-Württemberg sinn ausgeschalt. Pro Joer ass do Stroum fir méi wéi 3 Millioune Stéit produzéiert ginn.
Hei am Land schwieft d'Gefor a Saachen Atomenergie eng Dose Kilometer iwwert der Grenz zu Cattenom, där hire Management zanter Jore vu Greenpeace kritiséiert gëtt. Fir den Expert an Atomfroe vu Greenpeace Roger Spautz ginn et awer genuch Alternativen.
Fakt ass, Atomenergie bleift ëmmer nach beléift. Wisou ass dat esou? Wisou setzt d'Mënschheet am 21. Joerhonnert, an trotz der ''Atomkraft Nein Danke'' Beweegung aus de 1970er Joren, ëmmer nach op Atomenergie ?
Am Fong geet deene Froen op de Fong.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
Omega 90: Nicole Weis a Fabian Weiser
Omega 90 huet gëschter hire Joersrapport 2022 presentéiert a mat de zwee Vertrieder vun der Direktioun schwätzen mer haut iwwert dee Rapport an iwwer d'Aarbecht vun Omega 90.
![Schlof bei Kanner](/legacy/images/6460/image-thumb__6460__base_thumbnail/Tania%20Hemmer.58fe76f2.jpg)
Schlof bei Kanner
Wat kann ee maachen, fir d'Kanner op d'Schlofenszäit anzestellen a wéi entwéckelt sech de Schlof, dat verréit d'Schlofberoderin Tania Hemmer.
![Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg](/legacy/images/16024/image-thumb__16024__base_thumbnail/Sarah%20Muller%20Alex%20Gillander.6f2bb169.jpg)
Eng Ausstellung ronderëm d'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass een all Dag mat ville verschiddene Sprooche konfrontéiert. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert eng Ausstellung.
Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
Invité ass de Paul Heber, dee bei der Unicef fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
![Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest](/legacy/images/16198/image-thumb__16198__base_thumbnail/Eric%20Lehmann.e5e2dcbf.jpg)
Eric Lehmann: Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest
Den Invité bekëmmert sech bei RTL ëm déi Lëtzebuerger Selektioun an ass doriwwer eraus och e risegen Adept an Expert vum Eurovision Song Contest.
Beienhaus ASBL: Participatiivt Wunnen
Invitéë sinn d'Astrid Lauterbach an d'Marthy Anne Becker vu der ASBL Beienhaus an d'Anne Frostin an de Patrick Chrétien deelen hir Erfarungen an enger Kooperativ bei Lyon.
![Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France](/legacy/images/15835/image-thumb__15835__base_thumbnail/Lucien%20Didier.efe65bb4.jpg)
Lucien Didier: De Bléck op den Tour de France
Dee fréiere Vëlosproffi a Coequipier vum fënneffachen TdF-Gewënner Bernard Hinault ass den Invité.
![Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen](/legacy/images/15724/image-thumb__15724__base_thumbnail/Lisa%20Clees.93b42025.jpg)
Mat Kanner iwwer Ängschte schwätzen
"Mir brauchen all d'Gefiller, déi mir hu fir ze iwwerliewen. Dozou gehéiert et och, Angscht ze hunn," seet d'Psychologin Lisa Clees.
E-Autoen: Mat Elektro a Richtung Nohaltegkeet?
Invitéiert si vun der Klima-Agence de Fenn Faber an de Yann Trausch. An ee ferventen Aficionado vun der E-Mobilitéit, de Lucien Reger
![De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch](/legacy/images/15460/image-thumb__15460__base_thumbnail/Claude%20Hostert-Pfeiffer.cbec498b.jpg)
De Beruff vum Apdikter / vun der Apdiktesch
D'Claude Hostert-Pfeiffer, Apdiktesch a Member vum C. A. vum Apdikter-Syndicat iwwer d'Wäissbuch: "Pharmacie 2030: Une vision pour la pharmacie d'officine au Luxembourg".
![Weiderbildung mat AI](/legacy/images/15376/image-thumb__15376__base_thumbnail/Muriel%20Morb%C3%A9%20a%20Karin%20Scholtes.4d0f6ef5.jpg)
Weiderbildung mat AI
Kënschtlech Intelligenz wäert den Aarbechtsalldag an den Aarbechtsmarché veränneren. An der Emissioun kucke mir, wéi KI bei der berufflecher Weiderbildung kann hëllefen.
Non-formal Bildung
D''Rout Kräiz ass ee vun den Haaptacteuren am Beräich vun der non-formaler Bildung. Invité ass de Marco Deepen, Chargé de direction an Direkter vun der non-formaler Bildung.
![D'Hëtzt an d'Sonn](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
D'Hëtzt an d'Sonn
D'Inivtée Dr. Anne Vergison ass responsabel vun der Inspection sanitaire vum Gesondheetsministère.
"Queesch duerch d'EU"
Kachbuch vum Lycée Nic Biever: am Studio: de Claus Jacques vun der 1C, Kathy Ngom, d'BTS-Studentin, déi fir den Design zoustänneg ass, an d'Enseignante, Sabrina Olivieri.
Inclusioun um Aarbechtsmarché
Den Inclusator Sascha Lang ass am Studio. Hien huet am Virfeld mam Joël Delvaux geschwat, dee responsabel ass vum Département des Travailleurs Handicapés (DTH) vum OGBL.
Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
De Sproochmates Alain Atten, de Geografie Professer a Kartolog Claude Schmit an d'Linguistin Dr. Nathalie Entringer (ZLS) iwwer d'Gebuert vum "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900"
![Wat stécht hanner Mobbing?](/legacy/images/14872/image-thumb__14872__base_thumbnail/Gilbert%20Pregno.acde41c8.jpg)