Am Fong
D'Hëtzt an d'Sonn
55 min
![on the headlines](/legacy/images/15226/image-thumb__15226__base_thumbnail/Dr%20Anne%20Vergison.f87313bb.jpg)
Et ass een den Ament méi wéi tentéiert ze soen, datt d'Wieder sech vu senger beschter Säit weist. Et ass waarm, d'Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall, et ass d'Zäit, wou ee vill dobausse ka sinn, et ass Schwämmewieder. Mir schwätzen an der Emissioun u sech net iwwer d'Wieder, mee iwwer d'Suitten, déi esou e Wieder kann hunn. Esou Canicullen, wéi een op Franséisch seet, si wuel nach eng Ausnam, an awer mat de Suitte vum Klimawandel kann ee dovun ausgoen, datt déi Ausnam lues a lues zur Reegel gëtt.
D'Sonn a virun allem d'Hëtzt huet en direkten Afloss op eist Liewen, op eisen Alldag, grad esou gutt wat d'Fräizäit ugeet wéi och de berufflechen Alldag.
Wéi geféierlech ass déi Sonn an däi Hëtzt? Wa si Geforen? Wat kann ee maachen?
Invitée fir op all dës Froen am Fong ze äntweren ass Doktesch Anne Vergison, responsabel vun der Inspection sanitiaire an der Directioun vun der Santé.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
![Naturbaustoffer](/legacy/images/63094/image-thumb__63094__base_thumbnail/Marc%20Neu.cdcbf77b.jpg)
Naturbaustoffer
Naturbaustoffer sinn am Trend. Wat awer sinn Naturbaustoffer? Wat kann als natierleche Baustoff benotzt ginn? Wat bewierke Leem a Stréi? Äntwerte mam Expert Marc Neu
![De Kleeschen](/legacy/images/62938/image-thumb__62938__base_thumbnail/Kleeschen.3a20e1f3.jpg)
De Kleeschen
Wat wäert de Moien an den Lëtzebuerger Stuffe scho lass gewiescht sinn!? Oder wat ass an dëse Minutten do lass, haut op Niklosdag!?
![Wéi verbréngt een harmonesch Feierdeeg?](/legacy/images/62794/image-thumb__62794__base_thumbnail/Tom%20Schwartz.00d6aacc.jpg)
Wéi verbréngt een harmonesch Feierdeeg?
Invité ass den Tom Schwartz, diploméierte Psycholog a Member vun der SLP.
Podcast: Schlechte Schüler
Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Probleemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie.
![Dépistage HIV](/legacy/images/62200/image-thumb__62200__base_thumbnail/Laurence%20Mortier.26c368a8.jpg)
Dépistage HIV
Haut um Weltaidsdag, ass d'Laurence Mortier, chargée de direction adjointe vun der HIV Berodung vum Roude Kräiz, ons Invitée.
![Paul Heber-Unicef Lëtzebuerg](/legacy/images/7564/image-thumb__7564__base_thumbnail/Paul%20Heber.68ace704.jpg)
Paul Heber-Unicef Lëtzebuerg
De Porte-parole vun Unicef Lëtzebuerg Paul Heber ass den Invité beim Jean Claude Majerus
![Praktesch Mediekompetenz am Enseignement secondaire](/legacy/images/84373/image-thumb__84373__base_thumbnail/28-11-2022%20Invit%C3%A9s.610b21b5.jpg)
Praktesch Mediekompetenz am Enseignement secondaire
Invitéë beim Tessy Steffen Koenig sinn d'Enesa Agovic vun der Schülerzeitung LHCE Times an den Gianni Mersch vum Uelzechtkanal.
Ukrain Krich
Invité beim Natasha Ehrmann ass haut den Historiker Vincent Artuso, deen d'Entwécklungen an der Ukrain erkläert.
![Podcast Schlechte Schüler](/legacy/images/83929/image-thumb__83929__base_thumbnail/Lucien%20Kerger.789f8511.jpg)
Podcast Schlechte Schüler
D'Episod 2 vun der Podcast Serie: "Zeréck an d'Zukunft"
![Lipoedem: eng éischter onbekannten a gäre verkannte Krankheet](/legacy/images/84766/image-thumb__84766__base_thumbnail/Foto%20Lipoedem.26b44b6d.jpg)
Lipoedem: eng éischter onbekannten a gäre verkannte Krankheet
D'Gaby Vosman-Goedert an d'Irène Gräff-Tavarner, d'Presidentin an d'Sekretärin vun der ASBL Lipoedem Lëtzebuerg sinn haut d'Invitéeën beim Jean Claude Majerus.
75 Joer UNESCO Lëtzebuerg
Invitée ass d'Simone Beck, Presidentin vun der UNESCO Lëtzebuerg. Viru 75 Joer ass Lëtzebuerg der UNESCO bäigetrueden.
Am Fong
Invitée ass d'Kristin Schmit, Premier commissaire divisionnaire, bei der Police Lëtzebuerg. Si forméiert d'Polizisten och a Saache Gewalt Doheem.
![Podcast: Schlechte Schüler](/legacy/images/84058/image-thumb__84058__base_thumbnail/Pierre%20Reyland%20a%20Pia%20Oppel.defb31be.jpg)
Podcast: Schlechte Schüler
Déi éischt Radio 100,7 Podcast Serie ass des Woch lancéiert ginn. Invitéeë sinn d'Createuren, Pia Oppel a Pierre Reyland.
![De Service "Infomann" an den internationale Männerdag](/legacy/images/83908/image-thumb__83908__base_thumbnail/Francis%20Spautz.af4e1a36.jpg)
De Service "Infomann" an den internationale Männerdag
De Service "Infomann" ass virun 10 Joer an d'Liewe geruff ginn, an ass eng Plaz wou Männer a Jongen e Rot kënne siche goen.
Nationalen Dag vum Bam
Wéi geet et eise Bëscher a Straicher? Invité ass de Jim Schmitz, Vize-President vun der Stëftung natur&ëmwelt am Kader vum Nationalen Dag vum Bam.
![De Burn-out parental](/legacy/images/26696/image-thumb__26696__base_thumbnail/Tania%20Hemmen.4041cb4f.jpg)