Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Monsters and Angels

Monsters and Angels

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den orientaleschen Elektro-Rock vum Super Grupp Mademoiselle ass eng dräikäppeg Hydra: Rodolphe Burger, Mehdi Haddab a Sofiane Saidi, e Monster Trio mat engem onstierfleche Sound. E frësche Soul Wand vum Trio Gabriels vun LA gëtt et op hirer Bloodline Ep. ganz eegen Arrangementer an Orchestratiounen héiere mir hei an e Storytelling, deen iwwert Mënschen an hiert Liewen erzielt.

De franséische Komponist Christophe Julien, deen haaptsächlech Filmmuseke komponéiert, huet en neien Album: "The Girl with the Purple Smile".

"Visions" heescht den neie Release vum Pierre Chrérien, deen de Kollektiv Cinephonic leet. D'Influenzen hei si Filmmuseke kombinéiert mat Elementer aus dem Jazz an dem psychedelesche Rock.

De Klassiker vun haut ass de wuel bekannten traditionellen Negro-Spiritual "Sinnerman" vun der Nina Simone.

Entschleunegung puer mat der spuenescher Sängerin Sílvia Pérez Cruz zesummen mat där net manner aussergewéinlecher argentinescher Musekerin Liliana Herrero um neien Album "Toda la vida, un día". Intim, besënnlech a beréierend!

Lidder vun der Laurence Vanay aka Jacqueline Thibault héiere mir um neien Album "Ghost Notes from the Stone Vessel". Et handelt sech ëm Lidder, déi tëschent 1974 an 1985 opgeholl goufen. Der Jacqueline Thibault, Fra vum Laurent Thibault (ex-Magma), hir Musek ass éischter onbekannt, awer wéi Dir héiere wäert, eenzegaarteg an hirer Zäit viraus.

Playlist:


Mademoiselle (Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab) - La Terre Feu (Que sera votre vie ?) - Mademoiselle
Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - Mademoiselle
Qwalia - Sound & Reason - Sound & Reason
Gabriels - Stranger - Bloodline - EP
Gabriels - Bloodline - Bloodline - EP
Shirley Hurt - Charioteer - Shirley Hurt
Christophe Julien - The Road - The Girl with the Purple Smile
Cinephonic - Douleur - Visions
Nina Simone - Sinnerman
Sílvia Pérez Cruz & Liliana Herrero - Toda la vida, un día (Mov.4: El Peso) - Single
Laurence Vanay - Voyage les yeux fermés - Ghost Notes From the Stone Vessel
DeWolff - Will O' the Wisp - Love, Death & in Between

Musek

Episoden

headphones

56 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow