Wärend der Oktav vum 10. bis de 25.5. ass och traditionell d’Bicherzelt am Haff vun der Kathedral. Zanter 30 Joer scho gëtt d'Bicherzelt wärend der Oktav vun der EwB organiséiert. Iwwer 1.000 Bicher ginn et hei ze entdecken an den ënnerschiddlechste Beräicher. Gesellschaft, Bildung, Theologie, Philosophie, Kulinarik, Liewensberodung, Literatur a virun allem Kannerbicher. Explikatioune ginn et vun der Ulrike Kohl, Directrice vun der EwB. D'Bicherzelt an de Pilgercafé sinn op all Dag wärend der Oktav vun 9:00-18:30 Auer. (www.ewb.lu)
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
ErwuesseBildung
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil