Biotop
De Bësch am Klimawandel
8 min

An de leschte Joren ass de Joresnidderschlag zeréckgaangen. Gläichzäiteg ass d’Joresduerchschnëttstemperatur eropgaangen, wat dann erëm Auswierkungen op d’Waasserverdonstung mat sech bréngt. Dëst bedeit ee grousse Stress fir eis Beem. Wann dëse Stress iwwer Joren unhält, da stierwen d’Beem of. Zousätzlech gesäit een déi negativ Auswierkungen op Beem, déi ursprünglech aus anere Klimazone komme wéi z. B. d’Dänn. D’Dänn staamt aus den alpine Regiounen, wou hiren natierlechen Optimum eebe bei méi engem héije Joresnidderschlag respektiv méi nidderege Joresduerchschnëttstemperature läit. Dës optimal Conditioune fënnt d’Dänn awer aktuell hei net méi. Si ass geschwächt an als Konsequenz vum Klimawandel kënnt dann nach de Borkenkäferbefall derbäi.
Fir deem entgéingt ze wierke bedreift d’Naturverwaltung en adaptive Bësch-Management, also eng naturno integrativ Virgoensweis, bei där natierlech Prozesser genotzt ginn an de Bësch méi sech selwer iwwerlooss gëtt. Doriwwer eraus gëtt d’Diversitéit vun de Bamarte gefërdert an op de Standuert ugepasst, woubäi den Akzent op Lafbeem gesat gëtt.
Doutholz späichert wärend der Zersetzungsphas ganz vill Waasser, wat duerno ganz lues un den Bëschbuedem ofgi gëtt. Et suergt och fir méi Biodiversitéit an eise Bëscher, well ganz vill Aarten op dës Zerfallsprozesser ugewise sinn ( z. B. Spiecht, Pilzen, Käferen asw.) Als Insektefrësser an Hölebauer fillt de Spiecht sech an engem naturnoe Bësch ganz besonnesch wuel.
Explikatioune vum Steve Jungen, Responsabel vun der Cellule sensibilisation et CNF - Service communication et sensibilisation vun der Administration de la nature et des forêts.
Erausgepickt:
Den Naturschutzzentrum Burfelt bitt d’ganz Joer iwwer vill interessant Aktivitéiten ëm d’Theeme Bësch, Wëllbeien, Wëllkraider, Louschläissen a vill aneres un an invitéiert de 27. Mee op eng Féierung zum Theema “Wald im Wandel - Opfer & Hoffnungsträger zugleich“. Umelle kann ee sech bis spéitstens den 20. Mee op: burfelt@anf.etat.lu
An der Woch vum 20. Januar kënnt och deen nei Joresprogramm mat den Aktivitéite vun de 5 Naturschutzzenteren eraus. (www.nature.lu)
Hei fannt Dir och en interessante Programm à la carte fir Schoulklassen souwéi spannend Léierpied am ganze Land.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Erhalen a Vernetze vun eise Biotoper, um Beispill vun den Amphibien
D’Biotoper ze erhalen an ze vernetzen ass essentiel fir d’Biodiversitéit. Duerch Schutz- a Restauratiounsmoossname probéiert d’Administration de la nature et des forêts den Zoustand vun den Amphibien ze verbesseren.

Efeu, e staarke Wuerzelkletterer
Gréng iwwert dat ganzt Joer, stellt keng grouss Uspréch, e Paradäis vir Déieren an net vill Aarbecht. Den Efeu ass eng heemesch, villsäiteg asetzbar Planz am Gaart an och am Dëppen.

Den Naturpakt: Zesumme fir méi Biodiversitéit an eise Gemengen
Natur- a Ressourceschutz betrëfft jiddereen, an ass net op eenzel Gebidder limitéiert, dofir setzt de den Naturpakt op d’Ëmsetzung vu konkrete Mesure um Gemengenterritoire. Des solle Bierger dozou motivéiere matzewierken.

Für morgen pflanzen: Obstbäume selber sähen. In fünf Jahren zur Ernte
Es muss nicht alles immer sofort sein (Obstbäume selber sähen, anstatt fix und fertig kaufen). Vorteile gegenüber gekauften Sorten Welche Sorten alleine klappen und was man später pfropfen kann

De Bësch am Klimawandel
De Bësch am Klimawandel

Urban Birds: Wéi wierkt sech Silvester op eis Villercher aus?
De Projet Urban Birds - Protecting Climate and Wildlife vun der ASBL Natur&ëmwelt

Hausgemaachte Saachen als Chrëschtdagskaddo
An der Chrëschtdagszäit gëtt gebak a geschenkt. Dat si ganz al Bräich, déi zum Deel bis haut iwwerlieft hunn. Selwer baken a Geschenker aus der Natur kreéieren ass guer net schwéier.

Net alles wat quaakt ass e Fräsch
Jiddwereen huet scho mol e Fräsch gesinn, et gëtt awer och nach eng Rei aner Amphibien, déi manner bekannt sinn.

Hagebutte Superfood (garantiert ohne zu schälen),
Wer hat noch nicht das Wort Superfood gehört. Es gibt auch bei uns solche Vitaminbomben, und es geht auch ohne Exoten vom anderen Ende der Welt.

Eise Bësch
De Bësch ass gläichzäiteg Liewensraum, Klimaschützer, Rohstoffproduzent an Erhuelungsplaz. Säi Schutz a seng nohalteg Notzung si wesentlech fir seng wäertvoll Funktiounen och fir déi nächst Generatiounen ze sécheren.

Chicorée - Endives- Chicons: Ee Powergeméis mat verschiddenen Nimm
Fir déi Däitsch ass et Chicorée, fir d’Fransousen Endives a fir d’Lëtzebuerger an d’Belsch sinn et Chiconen. Et ass einfach dëst gesond Wantergeméis am eegene Gaart ze zillen a frësch Rezepter domadder ze zauberen.

Invasiv Neophyten - E Problem fir eis an d’Natur
Verschidden net einheimesch Planze kënne grousse Schued aneiser Natur uriichten. Dofir ass et wichteg, op déi Planzen am Gaart ze verzichten a sech fir einheimesch Alternativen ze entscheeden.

Naturerliefnisräim - eng gréng Oas fir all Alter
Wärend fréier d’Kanner op der Gewan gespillt hunn, verbrénge si haut déi meeschten Zäit an engem urbaniséierten Ëmfeld. Wat kann dat fir Problemer mat sech bréngen a wéi kënne Naturerliefnisräim eng Léisung sinn?

Bongerten - méi wéi nëmme Beem
Wousst Dir schonn, datt Bongerten d’Aartevillfalt fërderen an d’Klima schützen? Dës Kulturlandschafte bidde wäit méi wéi nëmme frëscht Uebst. Den Naturschutzzentrum A Wiewesch gëtt en Abléck.

Besser uséien oder léiwer fäerdege “Rollrase” leeën?
Wéi aarbechtsintensiv sinn déi zwou Varianten?

ReStruktur an nationalen Dag vum Bam
ReStruktur an den nationalen Dag vum Bam sinn zwee Projete mam Ziel d’ökologesch Strukturen an der Landschaft ze verbesseren.

Honnertjäreg a fit
Wéi Gaardenaarbecht an den eegenen Uebst- a Geméisubau dozou bäidroe kann

Landwirtschaft a Naturschutz, geet dat?
Eis oppe Kulturlandschaft ass eréischt duerch d’Aarbecht vum Mënsch entstanen, well hie säit Joerdausenden de Buedem urbar gemaach a Liewensmëttel produzéiert huet.

D'Virstellung vun der Administration de la nature et des forêts ANF
Et geet drëms engem breede Publikum d'Wäertschätzung vun der Natur an e bewossten Ëmgang mat den natierleche Ressourcen ze vermëttelen.
