E Cocktail, dee méi schwéier ass ze realiséieren, wéi een dacks mengt. E gëtt och dacks falsch gemixt. De Marco Kuharic huet eis säi Rezept verroden.
Rezept:
2 Zentiliter Spruddelwaasser
4 Zentiliter Aperol
6 Zentiliter Cremant oder Schampes
Et fëllt een e grousst Glas mat Äis an da kennt fir d’éischt den Aperol dran, duerno d’Spruddelwaasser an zum Schluss de Cremant. Als Dekoratioun kann een nach eng Scheif Orange huelen.