Et ass net esou einfach, de Moment vum groussen Duerchbroch am Liewe vun engem Komponist ze definéieren: ass et déi éischt ëffentlech Unerkennung, de grousse finanziellen Erfolleg oder awer dat revolutionäerste Wierk?
Beim Franz Schubert war et eréischt no sengem Doud am Joer 1828, datt seng Wierker lues a lues bekannt an uropgeféiert goufen.
E bëssen anescht war et beim Beethoven, dee sech duerchaus bewosst war, datt hie wäit iwwer de musikaleschen Zäitgeescht eraus komponéiert.
De Chiaroscuro Quartett huet dës Kammermusekswierker vu béide Komponiste bei engem Concert de 5. Mee 2024 am Musekssall zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz presentéiert.
Huelt Plaz am 100,7-Concertssall a lauschtert dëse Concert, moderéiert vum Tanja Duprez, nach bis den 3. Juni 2025 an eiser Mediathéik.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sträichquartett Nr. 8 a Mi Mineur, op.59/2 (“Rasumowksi”)
Franz Schubert (1797-1828): Sträichquintett an Do Majeur, D 956
Interpreten:
Chiarocuro Quartet
Alina Ibragimova, Gei
Benjamin Marquise Gilmore, Gei
Emilie Hörnlund, Braatsch
Claire Thirion, Cello
Christian Poltéra, Cello