Dës Kéier geet et ëm eppes, mat deem mer all Dag ze dinn hunn: E-Mailen. Mer schwätzen iwwer d’Schreifweis an d’Opkomme vum Wuert an anere Sproochen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Moie Caroline!
C: Moie Simon! Ech fänken haut direkt mat engem Sproch hunn: Kenns de déi éiweg laang Meetingen, wou um Enn guer net vill erauskënnt a wou een da seet: This could have been an e-mail.
S: ______
C: Haut geet et net ëm Mettingen, mee ëm E-Mailen. Kucke mer emol eng Kéier d'Wuert E-Mail wéi et geschriwwe gëtt. Oder wéi géifs du et da schreiwen?
S: _____
C: Et gëtt geschriwwen: groussen E, Bindestréch, groussen M, klengen A, I, L. Et kënnt natierlech aus dem Engleschen an et steet fir Electronic Mail. An d'Symbol, wat mer fir E-Mailen hunn, ass jo och eng kleng Enveloppe, well et war jo d'Iddi, fir de Bréifverkéier ze digitaliséieren an haut geet jo bal alles per E-Mail. Alles, wat eebe virdrunner an enger Enveloppe komm ass, kënnt elo per E-Mail.
S: Jo, et kritt een awer och vill E-Mailen den Dag, méi wéi Bréiwer fréier.
C: Et kascht jo näischt, do gëtt séier profitéiert! Et ass u sech intressant an och rar, dass am Wuert E-Mail och den M groussgeschriwwen ass. Well normalerweis, wa mer Substantiver schreiwen, dann ass just deen éischte Buschtaf groussgeschriwwen an déi aner Buschtawen kleng. Well mer hei awer eng, ech soen elo mol, Pseudo-Zesummesetzung hunn, hu mer Mail, awer och E-Mail. An duerfir musse mer e groussen E maachen an e groussen M. An déi Zort Bannegroussschreiwung ass am Lëtzebuergesche bal ni ze fannen.
S: Du sos elo grad “Mail” – ech ka jo och Mail soen amplaz E-Mail?
C: Jo, richteg. Intressant ass, dass een dat ofkierze kann, also et kann ee soen: ech hu meng Mailen haut nach net gekuckt. Ass et fir dech eigentlech e laange Mail oder eng laang Mail?
S: _____
C: Am Lëtzebuergesche geet tatsächlech béides! Et kann een entweeder Femininum benotzen (eng E-Mail oder eng Mail) oder Maskulinum (e Mail oder en E-Mail), dass ee seet, oh dat war awer e laange Mail oder dat war awer eng laang Mail.
Mail am Femininum ass éischter vum Däitsche gepräägt (eine E-Mail). Wa mer eis elo d'Franséisch do kucken, do heescht et och un e-mail an do mierkt een direkt, dass d’Franséischt de Maskulinum am Lëtzebuergeschen e bësse virgëtt. Intressant war och, dass, wann ech online am Larousse no e-mail sichen, da steet do: Anglicisme déconseillé.
S: A jo, do soen se och courriel, oder net?
C: Genau. A courriel ass e super Beispill fir eng Verschmëlzung, well de courriel ass vum Wuert hier genee sou wéi d'E-mail (electronic mail) an si soen dann courriel (fir courrier électronique).
S: Also steet “electronic” eemol vir an eemol hannen?
C: An de romanesche Sproochen hues de normalerweis fir d'éischt de Kapp an dann däin Adjektiv an an an de germanesche Sproochen hues de fir d'éischt däin Adjektiv an dann däi Kapp an dofir soe si courriel électronique an dat ass esou zesummegeréckelt, dass et courriel ass. An dat hunn ech am Fong super fonnt als Wuertbildung, awer am Lëtzebuergeschen hu mer nach ni eppes Entspriechendes gemaach, also mer soen net digital Post oder sou. Oder fält der eppes an?
S: ____
C: An um Enn nach e Schreiftipp! Wa mer lo beim Spellchecker E-Mail aginn, mee an engem Wuert geschriwwen E-M-A-I-L, da seet de Spellchecker, dass et richteg geschriwwen ass. A kanns de der virstellen, firwat?
S: ____
C: Ma et ass, wéi et geschriwwen ass, en anert Wuert, nämlech Email, wéi d’Beschichtung vum Dëppen. An hei ass erëm en typescht Beispill, dass de Spellchecker just seet, dat Wuert gëtt et an net dass e spezifescht Wuert richteg geschriwwen ass. Well Email huet natierlech näischt mat der E-Mail ze dinn, mee de Programm seet jo just, dass dat eng korrekt Schreifweis ass an net, dass et e komplett anert Wuert ass.
S: Also kann een dem Spellchecker net 100 % vertrauen?
C: Et soll ee kenger Maschinn 100 % vertrauen, mee Spellchecker ass eng super Source, fir Texter korrigéieren ze loossen, well oft falen engem kleng Tippfeeler net op oder et léiert een, wéi d’Wierder geschriwwe ginn.
S: Mee dofir bass du jo hei!
C: Jo, mee ech ka mech just Wuert fir Wuert duerchschaffen!
S: Da freeë mer eis, wann s de d’nächst Woch nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Ech mech och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!