Den Helge Lien ass mat senge 50 Joer feste Bestanddeel vun der norwegescher Jazz-Landschaft. Säin Trio gehéiert mëttlerweil zu der grousser Traditioun vu skandinavesche Pianostrioen. Am August 2024 stounge si live fir de Festival Dobršská brána an Tschechien op der Bün an hu Stécker vun hire leschte Placke Revisited an 10 zum Beschte ginn. Mat dobäi sinn de Knut Aalefjaer op der Batterie an de Johannes Eick um Kontrabass.
Playlist:
1. Sunny Waltz
2. Gamut Warning
3. Snurt
4. Popkoral
5. Jasmine
6. Popolus
7. Jazzkoral
8. Toyen Blues
9. Nipa
(all Kompositioune vum Helge Lien)