Op hirem Debut Album “How To Peel an Orange“ (13.09.2024) schlängelt sech C’est Karma duerch kierperleche Pop iwwer Fado bis zu franséischer Chanson. Déi Lëtzebuerger Musekerin spillt eis an dëser Aircheck Session 2 Lidder vun dëser eckeger Plack an interpretéiert um Enn e Stéck vu Francis of Delirium. Den Jamie Reinert féiert duerch d’Session.
arrow_back_ios
Aircheck Sessions
Aircheck Session: C’est Karma
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jamie Reinert
Episoden

Aircheck Session: TUYS
Déi Lëtzebuerger Band feiert hiren 18. Gebuertsdag. E gudde Grond si an eise Studio 8 ze invitéieren.

Aircheck Session: Autumn Sweater
D'Lëtzebuerger Indie Rock Veterane si live am Studio 8.

Aircheck Session: AEM
Live aus dem Studio 8: Déi jonk elektronesch Pop-Musekerin zerwéiert eng Portioun Vulnerabilitéit, Danzen an Däischtert.

Aircheck Session: ENGLBRT
ENGLBRT sinn de Sänger Georges Goerens an de Batteur Niels Engel. Si spille live bei eis am Studio 8 nei Songs.

Aircheck Session: Them Lights
Live aus dem Studio 8: Bün fräi fir Them Lights: op der Stëmm de Sacha Hanlet, an op der Batterie de Sergio Manique

Aircheck Session: The Aquatic Museum
D’Band bitt Musek tëschent de Genren. Jazz, Pop a Kammermusik verbanne sech zu enger ganz besonnescher Aart Chamber Pop.

Aircheck Session: Daniel Balthasar a Band
De Marc um Keyboard, de Schlapbe um Kontrabass an de Michel op den Drums. Begleet gi si vun engem Sträicherquartett mat zwou Geien, Braatsch a Cello live aus dem Studio 8

Aircheck Session: C’est Karma
Vun Hyper-Pop iwwer Fado bis zu Chanson. Déi Lëtzebuerger Musekerin verféiert eis an hirer Live-Performance an déi facettëräich Welt vun hirem neien Album.

Aircheck Session: Daniel Migliosi Quintet
Stellt Iech an eise Concertssall: Den Daniel Migliosi Quintet spillt eng Airchek-Session am Studio 8!

Aircheck Session: Francis of Delirium
De Parcours vum Trio ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public.

Aircheck Session: Nea Lone
Deen neie Soloprojet vun der Lëtzebugerer Musekerin Nadja Prange live am Studio 8

Aircheck Session: Triana y Luca
Zesumme gi si op d‘Sich no hiren ibero-amerikanesche Wuerzelen. Triana y Luca – zwou Stëmmen, eng Gittar - invitéieren op eng folkloristesch a poetesch Rees, wou Migratioun, Natur a Léift openeentreffen.
