Et gi méi Elementer déi weisen, datt de Kardinol direkt am Juli 2024 an d'Krisegestioun bei der Caritas agebonne war. Dat weise Recherchë fir d'Serie Carambolage am 100,7-Zeenewiessel-Podcast.
An der fënnefter Episod, déi elo eraus ass, gëtt am Detail beschriwwen, wéi de Jean-Claude Hollerich den Erny Gillen gefrot huet fir d'Krisegestioun am Alldag ze iwwerhuelen. An zwar Enn Juli, kuerz nodeems d'Fraude opgeflunn ass. De fréiere Generalvikar a fréiere Caritas-Direkter Erny Gillen seet am Podcast, hien hätt ofgeleent, well him kloer gewiescht wier, datt de Bistum d'Caritas géif faleloossen. De Jean-Claude Hollerich hätt hei am Kontext vu sengen Aufgaben an der Kierch zu Lëtzebuerg an an der Welt iwwerluecht, esou dem Erny Gillen seng Conclusioun am Juli 2024 no engem Telefonsgespréich vun e puer Minutte mam Kardinol. E Kardinol, deen an den internationale Medie kuerz virum Ufank vum Konklav zu Roum als méiglechen neie Poopst gehandelt gëtt.
Am Gespréich mam Maurice Molitor erklären d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck, datt si bei hire Recherchë fir den Zeenewiessel erausfonnt hunn, datt de Jean-Claude Hollerich an der Krisegestioun genee wousst, wat géif lafen. An engem RTL-Interview am September 2024 hat hien deklaréiert, et hätt kee vun der Caritas sech bei him gemellt. Hien hätt just en Email vun e puer Zeile kritt. D'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck ginn drop an, firwat dat esou net stëmmt.