Nieft 30 Milliounen Euro Scholde bei de Banken, hat d'Caritas no der Finanzfraude weider 10 Millioune Scholden. Och dat stoung enger Rettung am Wee, erklären d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck. Si hunn d'Recherche fir den 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär gemaach. Déi sechst Episod aus der Serie "Carambolage" ass haut erauskomm. D'Scholdeproblematik huet "bis ewell am politeschen Debat iwwer d'Caritas komplett gefeelt", esou d'Pia Oppel. Si wier awer wichteg, wann een iwwer d'Optiounen diskutéiert, déi um Dësch louchen.
An der sechster Episod gëtt och reveléiert, datt PWC der Caritas op d'Mannst 1,2 Milliounen Euro verrechent huet fir den administrative Support zejoert nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro.
Allgemeng geet et em d'Fro, wéi d’Politik mat der Kris bei der kathoulescher Organisatioun ëmgaangen ass. An der sechster Episod si mer an der Chronologie vun der Affär am spéide Summer ukomm, wéi d'asbl Hëllef um Terrain gegrënnt gëtt. An do gëtt da séier kloer: d'Regierung léisst den Dossier lafen ouni groussen Afloss drop ze huelen, de Christian Billon sicht dann a sengem Ëmfeld no Leit déi bereet si Suen op den Dësch ze leeë fir eng nei asbl ze grënnen, an déi Leit nennen hir Associatioun léiwer net Caritas.
An der sechster Episod geet et also ëm alleguer déi Decisiounen, déi am Summer ’24 geholl ginn: notamment vun der Regierung a vum Caritas-Krisecomité. An et geet och ëm d’Kritik, déi et dann duerno un deenen Decisioune gouf – an ëm d’Fro wéi fundéiert dës Kritik ass.
Déi nei Episod kënnt Dir an der 100,7-App, op 100komma7.lu an op de Podcast-Plattforme lauschteren.