Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Timeless

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Am London vun den Enn 80er ass an de Clubbe vu Soho a Camden eng nei Zeen entstanen. E puer Gräpp voll jonk Museker, Sänger an Dänzer hu fräi eraus d’Energie vun der House mam Jazz, der Soul dem Funk, Hiphop an der Disco vermëscht. Erauskoum en irresistibele Groove an en neie Genre, den Acid-Jazz. De Kollektiv Galliano, deen zanter sengem Debut geleet gëtt vum Rob Gallagher aka Earl Zinger, war ee vun de bekanntste Gruppen, déi zu der Entwécklung vum Acid-Jazz bäigedroen hunn. Haut a bal 30 Joer duerno hu Galliano en neien Album!

D’Soul-Musek huet sech an den Enn 50er aus dem Rhythm and Blues a Gospel eraus entwéckelt, woubäi nach ëmmer den häerzzerräissende Gesang d’Haaptcharakteristik vum Stil ass. Hei héiere mir déi faméis Stëmme vun Zäitgenossen.

De Blues ass en anere Genre, deen zäitlos ass. De Black Keys hiren zéngte Studioalbum “Delta Kream” vun 2021, ass e Cover-Album vun Hill-Country-Blues Lidder.

Grad wéi säi legendäre Papp Ali Farka Touré, esou ass och de Vieux Farka Touré en Artist, dee gär mat anere Museker zesummeschafft. Eng schonn zimmlech aussergewéinlech Renconter ass déi mat der amerikanescher Sängerin Julia Easterlin um Album “Touristes”.

Dës Kéier och e legendären Disk aus dem Joer 1973, deen Theeme wéi Zäit, Konflikter, Gier, Doud a Geeschteskrankheet erfuerscht. De Songwriter vun deemools weist sech och haut nach mat ville Causë solidaresch, werft vill Froen op a kritt och doduerch ferm Géigewand.


Playlist:

1. Galliano - Coming On Strong - In Pursuit of the 13 Note

2. Galliano - Prince Of Peace - A Joyful Noise Unto The Creator

3. Galliano - Circles Going Round The Sun - Halfway Somewhere

4. Sault - Uncomfortable - Untitled (Rise)

5. Gabriels - Loyalty - Loyalty/Single

6. Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel

7. Jalen Ngonda - It Takes a Fool - Come Around and Love Me

8. Fenton Robinson - The Getaway - Somebody Loan Me a Dime

9. The White Stripes - St. James Infirmary Blues - Peaky Blinders

10. The Black Keys - Going Down South - Delta Kream

11. Vieux Farka Touré & Julia Easterlin - A'Bashiye (It's Alright) - Touristes

12. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

13. Tim Booth & Angelo Badalamenti - Dance of the Bad Angels - Booth and the Bad Angel

14. Pink Floyd - The Great Gig In the Sky - The Dark Side of the Moon

15. Pink Floyd - Time (2011 Remastered Version) - The Dark Side of the Moon

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.