Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ One People One World

One People One World

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

E Retour dës Kéier an d’Joer 1971 bei den amerikaneschen Jazz-Saxofonist a Flüttist Hadley Caliman. Säi “Cigar Eddie” ass zäitlos.


Route .44 ass eng Rock an Americana Band vu Rhode Island. Bei “Gone into the Nigh” héiere mir den Dana Colley um Saxofon, dee mir vum faméise Bostoner Trio Morphine kennen.


De Carlos Santana ass zesumme mat der spuenescher Sängerin Concha Buika um Album “Africa Speaks”, eng kraaftvoll Kombinatioun!


Magnus war den Danz- a Museksprojet vum Tom Barman a CJ Bolland. Virun 10 Joer scho koum den Album “Where Neon Goes To Die” eraus.


Decouverte fir déi, déi en nach net kennen, ass de polneschen Trio Chłopcy Kontra Basia. Eng alternativ Folk/Jazz-Musek, gespillt vun enger Kontrabass, Klarinett, Perkussiounen, heiansdo ass och e Piano derbäi oder eng Beatbox.


En Nomade-Folk ausserhalb vu Raum an Zäit: déi syresch-amerikanesch Musekerin Azniv Korkejian huet a ville Stied a Länner gelieft, warscheinlech vun dohier hiren Artistennumm Bedouine …


D’Kolumbianer vun Ácido Pantera mëschen Instrumenter wéi d’Marimba de Chonta an traditionell Perkussiounsinstrumenter mat den Drum Machines. Dat Ganzt ergëtt e kraaftvolle Live-Set!


Playlist:

1. Hadley Caliman - Cigar Eddie - Inner Peace

2. Route .44 - Gone into the Night (feat. Dana Colley) - Gone into the Night (feat. Dana Colley)

3. Femi Kuti - Corruption Na Stealing - One People One World

4. Magnus - Catlike - Where Neon Goes To Die

5. Santana - Paraísos Quemados (feat. Buika) - Africa Speaks

6. Chłopcy Kontra Basia - The Supper - Brexit Blues

7. Youn Sun Nah - Momento Magico - Lento

8. Cat Power - In Your Face - Wanderer

9. Bedouine - Dizzy - Bird Songs of a Killjoy

10. Ácido Pantera & Pernett - La Cuchara - Alta Pachanga

11. Afro Celt Sound System - The Path - Flight

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.