Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - 33 God

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls

Den Nino Ferrer ass bekannt fir “Le Sud”, “Les Cornichons” oder “Mirza”. Bal net bekannt ass säin an der englescher Sprooch gesongenen Album “Nino And Radiah”. "Le Sud" huet hien op Englesch geschriwwen, an hie wollt d’Lidd och net iwwersetzen …


Déi Wierder, déi ee mat den Ae seet, déi déi keng Wierder brauchen, “Les Mots Bleus” vum Christophe. Mir lauschteren en interessante Cover.


Mir héieren och d’Geschicht vun 3 Frënn, déi sech vu Kand u kennen, an déi sech an enger Museksschoul begéint sinn. An de Pausen hu si zesumme gejamt ouni drun ze denken, datt si spéider aus hirer Passioun e Beruff maache géifen. Haut heeschen si Petite Vallée a vermësche franséisch Traditioune mat der Americana.


Freedom Candlemaker ass d’Iwwersetzung vum Lefteris Moumtzis sengem Numm op Englesch. De Lefteris, also Freedom Candlemaker ass e griichesch-zypriotesche Museker, Komponist a Produzent.


Déi leschte Kéier hu mir an deen neien Album vu Kit Sebastian eragelauschtert. “New Internationale”, en Disk, dee fir de 27. September ugekënnegt gëtt. Hei e weideren neie Virgeschmaach, dee mir nach net héieren hu vun dëser Koppel, déi anatolesch Psychedelia, brasilianeschen Tropicalismo, europäesche Pop an amerikaneschen Jazz matenee vermëscht.


Playlist:

1. Leonard Cohen - Slow - Popular Problems

2. Nino Ferrer - Hot Toddy - Nino and Radiah Et Le Sud

3. Alain Bashung - Les mots bleus - Osez Bashung

4. Edson Natale - Afluente dos Lugares

5. Petite-Vallée - Ella - Petite-Vallée

6. Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Hey Lover - Jazz Is Dead 002

7. Sudan Archives - Come Meh Way - Sudan Archives - EP

8. Freedom Candlemaker - Αstral Body - Αstral Body

9. Devendra Banhart - Now All Gone - Ma

10. Bill Wells - Glasgow Jubilee - Everything’s Getting Older

11. Kit Sebastian - The Kiss - New Internationale

12. United Future Organization - World Thing

13. Erik Truffaz - In Heaven (feat. Bertrand Belin) - Clap!

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.