Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

search / One World

/ One World Tribe

One World Tribe

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

E soulräichen an jazzegen Afrobeat héiere mir vum Nigerianer Dele Sosimi op der neier “The Confluence Ep”, eng Decouverte!

Ginger Bamboo ass eng vun de klenge Pärelen aus dem internationalen Underground, déi de Schwäizer Label Bongo Joe viru Kuerzem op der Elsewhere CC Anthologie verëffentlecht huet.

De Sänger, Multi-Instrumentalist a Globetrotter Abaji huet armeenesch Originnen, ass am Libanon gebuer an huet 1976 a Frankräich Refuge fonnt. Säi neie “Carnet de Voyage Pt 1” léisst eng organesch World Musek erkléngen, bei där eng Hellewull Instrumenter aus ganz verschiddene Kulturen zu Wuert kommen.

Vill Globetrottere sinn haut derbäi. Keng Musek, déi aus der Këscht kennt, mee déi am richtege Liewe spillt, do wou Renconteren zustane kommen, a wou een de Puls vun enger Plaz fille kann.

Witch steet hei net fir eng Hex, mee fir We Intend To Cause Havoc, Mir wëllen Onrou stëften. Et ass eng an de 70er Jore populär Band aus Sambia. Se ass um Ursprong vun engem neie Genre, de Zamrock. Deen eenzegen Original-Member, dee vun 1972 un derbäi ass, ass de Lead-Sänger Emanyeo "Jagari" Chanda. De Keyboarder Patrick Mwondela koum 1980 derbäi. Et goufe länger Pausen, mee d’lescht Joer koum en neie Volllängt-Album op de Maart: “Zango”. Et ass eng gelonge Mëschung vu Vintage an neiem Sound.

Tribalen Drumming ass och d’Réckkräiz vun de Stone Roses hirem “Fools Gold” aus dem Joer 1989. Hei erënnere mir un dës kleng Pärel.


Playlist:

1. Dele Sosimi & The Estuary 21 - Ride out the Storm (feat. Get Cape. Wear Cape. Fly) - The Confluence LP

2. Joey Alexander - Zealousy - Continuance

3. Yussef Dayes - Rust (feat. Tom Misch) - Black Classical Music

4. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC

5. Abaji - Zikrayat - Carnet de Voyages, Pt. 1 (Organic World Music) - EP

6. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Papa Kossa - Nocturne

7. Farees - Black Hole Blues - Border Patrol

8. WITCH - Stop the Rot - Zango

9. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being

10. Yalla Miku - Tortije - Yalla Miku

11. The Stone Roses - Fools Gold (Remastered) - The Stone Roses (Remastered)

12. TaxiWars - Drop Shot - Artificial Horizon

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow