Radioen

On air

Notturno  |  Yo La Tengo - Season Of The Shark

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Hierscht 2024

Hierscht 2024

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Kit Sebastian ass en Duo, deen zu London gegrënnt gouf vum Kit Martin a Merve Erdem. Och a Frankräich an an der Tierkei schénge si doheem ze sinn, vun dohier déi ganz ënnerschiddlech Influenzen.

Peter Cat Recording Co. ass eng 5 käppesch indesch Band, déi 2009 zu Delhi gegrënnt gouf. En ontypesche Klang ...

Mir erënneren hei un den duebelen Album “Crosby & Nash”, dem Duo säin 4. a leschte Studioalbum.

“Wild God” ass deen 18. Studioalbum vum Nick Cave, dee viru Kuerzem, Enn August, erauskoum. Opgeholl tëschent London an der Provence, de Mix vu “Wild God” huet den David Fridmann assuréiert, an den Disk ass vum Nick Cave selwer a sengem laangjärege Kolleeg Warren Ellis, produzéiert.

Beirut, esou heescht eng amerikanesch Band mam Zach Condon als Frontmann. Et heescht, hien hätt dësen Numm gewielt, well déi libaneesesch Haaptstad eng konflikträich Geschicht hätt an eng Plaz wier, wou d’Kulturen openee prallen.

De mytheschen Orchestra Baobab vun Dakkar ass och derbäi mam Album “Specialists In All Styles”.

No Dakkar féiert eis d’Etapp a Portugal bei Danças Ocultas, 4 Accordeoniste vun Agueda, no bei Porto. Si zielen zu de spannenden an innovative Vertrieder vun der zäitgenösseger Musek aus Portugal.

Dann hale mir eis och nach an den Tiroler Bierger op mat ganz onkonventionellen, eegewëllegen an herrlech erfrëschende Kläng!


Playlist:

1. Kit Sebastian - Faust - New Internationale

2. Peter Cat Recording Co. - I’m This - Bismillah

3. Crosby & Nash - I Surrender - Crosby & Nash

4. Nick Cave & The Bad Seeds - Conversion - Wild God

5. Nick Cave & The Bad Seeds - Wild God - Wild God

6. ANOHNI - It Must Change - My Back Was a Bridge For You To Cross

7. Beirut - Baion - Hadsel

8. Orchestra Baobab - Dée Moo Wóor - Spercialists In All Styles

9. Dead Combo - Lisboa Mulata - Lisboa Mulata (feat. Pedro Goncalves & Tó Trips)

10. Danças Ocultas - Azáfama - Dentro Desse Mar

11. Oberian - Zeit - Caliban Island

12. Flow Job - I Wanna Squeeze You - Lieder Aus Den Bergen

13. Freddy Cole - Brother, Where Are You? (feat. Buddy Cooner, Ed Edwards & Paul Avery) - The Cole

14. Everybody Knows / The Best Year of My Life

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.