Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ A Lover was born

A Lover was born

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Kelly Finnigan, Leader vun de Monophonics, ass staark am Soul verwuerzelt a schaaft gläichzäiteg eppes Neies, sécherlech och andeems hie sech opmécht fir Kollaboratiounen. Mir entdecke säin neie Solo-Album “A Lover Was Born”.

Mir entdecken dës Kéier och nach aner schéi Soulstëmme vun e puer onëmgänglechen Zäitgenossen: Iwwerraschung …!

De jamaikanesche Gittarist a Komponist Ernest Ranglin huet laang Zäit als Session-Museker fir verschidde jamaikanesch Labele geschafft. Den Album “Below The Bassline” gëllt als en Jazz-Reggae Meeschterwierk.

Als verdreemt a poetesch kann een dem Jazz Trompettist Erik Truffaz säin Album “Lune Rouge” bezeechnen, en Artist, deen ëmmer erëm Neiland betrëtt a gäre mat aneren Artisten zesummeschafft a genee dëst beräichert säi Spill.

Als Acid-Jazz gouf an den 1980er ufanks 90er Joren de Mix aus Funk, Soul, Jazz an Hip-hop bezeechent, e Genre, deen an de Clubbe vu London entstanen ass. Galliano zielen nieft US3 an de Brand New Heavies zu de bekannte Vertrieder.


Playlist:

1. Kelly Finnigan - Let Me Count the Reasons - A Lover Was Born

2. Kelly Finnigan - Just One Kiss - A Joyful Sound

3. The Harlem Gospel Travelers - Get Involved - Rhapsody

4. Gabriels - Stranger - Bloodline/ EP

5. Tindersticks - Feel The Sun - The Hungry Saw

6. Benjamin Clementine - Condolence - Glorious You/EP

7. Ernest Ranglin - King Tubby Meets the Rockers - Below the Bassline

8. Roy Ayers, Ali Shaheed Muhammad & Adrian Younge - Hey Lover - Jazz Is Dead 002

9. Oan Kim - Agony - Oan Kim & the Dirty Jazz

10. Etienne de la Sayette & Renegades of Jazz - Jajinmori Renegades of Jazz Remix

11. Erik Truffaz - Reflections (feat. José James) - Lune rouge

12. Galliano - Prince Of Peace - A Joyful Noise Unto The Creator

13. Martin Roth - An Analog Guy in a Digital World - Le café abstrait by Raphaël Marionneau, Vol. 12

14. The Herbaliser - Stranded On Earth (Featuring Jessica Darling) - Same As It Never Was

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.