D'Uergel ass en Instrument mat ville Facetten. Dat beweist de Programm vum Festival international d'orgue de Dudelange. Nieft dem traditionellem Concert mat keltescher Musek (den Optakt zum Zeltik Festival), gëtt et och eng Première: en 28-järegen TikTok-Star steet des Kéier um Programm. Em wien et sech heibäi handelt, a weider Detailer zu der Saison hunn de President Jean Olinger an den Tresorier Paul Braquet dem Christophe Mirkes am Interview verroden.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star...
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Déi ganz Palett vum Chouergesang
De Programm 2018/2019 vum Institut européen de chant choral (INECC)
Trio Koch: Nach eng Geleeënheet!
Concert am Kader vum Mosel Musikfestival e Sonndeg 26.09.2018 um 11:00 an der Synagoge zu Schweich.
"De Concours huet vill Dieren opgemaach"
Am Gespréich mat der Pianistin Plamena Mangova
Den interregionale symphonesche Blosorchester Eifel-Ardennen
Concert e Sonndeg (23.9.2018) am Trifolion am Kader vum 50. Anniversaire vun der Iechternacher Museksschoul
Hanner de Kulisse vun der Philharmonie
E Samschdeg (22.9.2018) heescht et um Kierchbierg nees Orchestramania.
Die tote Stadt
Dem Erich Wolfgang Korngold seng Oper huet hir Première zu Saarbrécken.
"Das ist die Zukunft"
Dating: Schubert mam Gergely Madaras
Déi zweet Beethoven-Sinfonien Integralë mam Rattle
Schonn 2003 ass déi éischt Sinfonien Integrale vum Beethoven mam Rattle erauskomm. 2016 koum déi zweet, déi elo technesch nei verschafft gouf.

MET-Live in HD: Saison 2018/19
Déi nei Operen-Saison an de Kinoe geet de 6. Oktober 2018 un mat "Aïda" vum Guiseppe Verdi.

Der Charismatiker
Eng nei Biographie iwwer de Leonard Bernstein
Altro Tempo: Musek aus aner Zäiten
De belschen Ensembel proposéiert eng Rees op Venedeg am 17. Joerhonnert, dëse Samschdeg (15.9.2018) zu Attert an der Belsch.
Klangspuren Lautstark
Zéng Joer Musizéier- a Kompositiounsworkshoppen an engem Buch.
Eng Pianistin, déi sech ëmmer hannerfreet
D'Jamina Gerl ass e Sonndeg (16.9.2018) zu Tréier Invitée vum MoselMusikfestival.

Louise Farrenc, Komponistin vum Mount September
Eng bedeitend Komponistin, Pianistin a Pädagogin aus dem 19. Joerhonnert

L'Eglise rencontre la Synagogue
De leschte Concert vun der Serie Moment Musical am Summer 2018 ass d'Geleeënheet e Bilan ze zéien an an d'Zukunft ze kucken.

Kappplooschter
Eng nei Serie um radio 100,7 mat Lëtzebuerger Ouerwierm aus der Vinyl-Zäit
