Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Andréck vu Roum
Live vu Roum ginn et Explikatioune vun eisem Korrespondent Philip Crowther.

Wéi sécher si Bancomaten?
Mir froen d'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL.

Offiziell Ouverture vun der LUGA
Haut fänkt d'Luxembourg Urban Garden un, si dauert bis Mëtt Oktober.

Lëtzebuerg op nei Risken virbereeden
Lëtzebuerg soll an Zukunft nach besser op Krisen an Noutfäll preparéiert sinn. Dowéinst huet de Premier Luc Frieden den HCPN beoptraagt eng "allëmfaassend Strategie" auszeschaffen.

Eng chaotesch Kanzlerwal
Eréischt nom zweete Versuch gouf de Friedrich Merz neien däitsche Bundeskanzler. Eisen Däitschland-Korrespondent beliicht d'Hannergrënn vum Vott.
Dat bréngt den Dag
Optakt vum Konklav, Ouverture vun der LUGA a Caritas-Spezialkommissioun

Op der Sich nom neie Poopst
133 Kardineel gi vun haut un an der sixtinescher Kapell am Vatikan agespaart, wou si doriwwer ofstëmmen, wien dem Poopst François säi Successeur gëtt.

D'Philharmonie start an eng nei Saison
Mir verroden, wat d'Concertshaus 2025/26 an de Mëttelpunkt stellt.

Méi Natur ass gutt fir d'Gesondheet
D'Associatioun UNature setzt sech dofir a méi Natur an d'Alldagsliewen ze bréngen.

Fréieren ukrainesche Premier a President Juschtschenko am 100,7-Interview
Dee fréieren ukrainesche President Wiktor Juschtschenko ass de Moment zu Lëtzebuerg. Mir hu mat him iwwer d'Situatioun a sengem Land geschwat.

Finnland als Virbild a Saache Fuerschung
De Luc Frieden ass op Aarbechtsvisitt a Finnland, ee Land, dat als wichtege Fuerschungsstanduert gëllt - a Lëtzebuerg kann dovun eppes léieren, seet de Premier.

COSL: 1% vum Staatsbudget soll dem Sport ze gutt kommen
Dat ass eng vun am ganzen 35 Fuederungen, déi den olympesche Comité gëschter un d'Regierung geriicht huet.

Déi brittesch Regierung kierzt Sozialleeschtungen
Eis London-Korrespondentin erkläert, wéi eng Auswierkungen dat huet.

Däitsch Grenzkontrollen: De Lëtzebuerger Inneminister reagéiert
Mir hunn de Léon Gloden gefrot, wat hien dovun hält, datt déi nei däitsch Regierung d'Grenzkontrolle wëllt verschäerfen.
Dat bréngt den Dag
Aarbechtsvisitt a Finnland vum Premier, Vereedegung vun neier däitscher Regierung, Galadinner fir d'Ukrain

Eurovision Song Contest 2025
D'Laura Thorn ass gëschter mat enger Delegatioun a Richtung Basel gefuer, wou si Lëtzebuerg dëst Joer um Eurovision Song Contest vertrëtt. Hanner hir leien intensiv Prouwewochen.

Wéi kann ee sech un de Klimawiessel upassen?
Déi Fro gëtt de d'Bierger:inne gestallt am Kader vu lokalen Atelieren. Den Ëmweltministère sammelt Suggestioune fir eng national Strategie.

100 Joer Deminage
De Claude Peffer ass amgaangen d'Geschicht vum Deminage, also vun der Entschäerfung vu Sprengsätz, opzeschaffen.

Hiewannen-Ausbilung op der uni.lu
Haut gëtt um Belval den neie Bachelor an de sougenannte "sciences maïeutiques" virgestallt. Explikatioune vun der Presidentin vun der Hiewannen-Associatioun Anna-Cristina Alborino
