Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Wëllbeie kämpfen ëm hirt Iwwerliewen

Biodiversitéit

D’Wëllbeie kämpfen ëm hirt Iwwerliewen

D’Wëllbeie si vum Ausstierwe bedrot, well et net genuch Blummen a Schlupflächer fir si gëtt. An de Wéngerten op der Musel soll dat sech elo änneren. Mir waren dohi kucken.

auto_stories

4 min

headphones

24 min

De Stephan Zilliken an den Tom Dall’Armellina | © Rick Mertens play_arrow
De Stephan Zilliken an den Tom Dall’Armellina (Foto: Rick Mertens)

Eng 360 verschidde Beie ginn et bei eis am Land. D’Hunnegbei ass just eng dovun. Si alleguer brauche verschidde Plazen, fir hir Näschter ze bauen an ze iwwerliewen, erkläert den Tom Dall’Armellina, Conseiller écologique beim Gemengsyndikat Sias. Op der Musel ginn eng Rei Mesure geholl, fir hinne genee dobäi ze hëllefen.

Mat engem 'Lierwenstuerm' de Wëllbeien hëllefen

Ee sougenannte Liewenstuerm gesäit aneschters aus, wéi ee sech ee klassesche Beiestack aus Wuess virstellt. An ongeféier 2 Meter héijen Tierm aus Holz a Steng ginn eng ganz Rei Liewensräim nogemaach, fir virun allem d’Wëllbeien ze ënnerstëtzen.

Anescht wéi d’Hunnegbeie liewen d’Wëllbeien nämlech eleng. Dat heescht, si baue kee Stack mat Dausende Beien op. D’Wëllbei baut just fir sech an déi ronn 10 Larven een Nascht. Hunneg produzéieren d’Wëllbeien nëmmen eng kleng Quantitéit fir d’Larven ze fidderen.

D’Bedrohung vun de Wëllbeien

Net all Beienzort ass d’selwecht bedrot. Hei muss een ënnerscheeden tëschent de sougenannten Generalisten an de Spezialisten. D’Generalisten, zu deenen d’Hunnegbeien an d'Bommele gehéieren, fléien op quasi all Bléi a sinn doduerch manner bedrot, well si sou nach genuch ze iesse fannen. Bei de Spezialisten ass dat aneschters: Si sinn u spezifesch Planzen ugepasst. D’Natternkopf-Bei brauch zum Beispill den Natternkopf fir hiren Nektar ze sammelen.

Dobäi spillen och Pestiziden, déi an der Landwirtschaft oder vu Wënzer genotzt ginn, eng Roll. Virun allem d’Wëllbeie si vu Pestizide bedrot, déi groussflächeg agesat ginn an doduerch hire Liewensraum zerstéieren.

Mat Hëllefsmesuren d’Diversitéit erhalen

D’Wëllbeien hunn ee méi grousse Bestëbser-Notze wéi d’Hunnegbeien, well si zimmlech alles bestëbsen, wärend d’Hunnegbeien nëmmen op déi Plaze fléien, wou och vill blitt fir hire ganze Stack ze ernären. Mat Hëllefsmesurë wëll een d’Diversitéit vun de Wëllbeien erhalen.

Zanter engem Joer gi sougenannten Nisthilfen laanscht d’Musel opgeriicht. | © Rick Mertens
Zanter engem Joer gi sougenannten Nisthilfen laanscht d’Musel opgeriicht (Foto: Rick Mertens)

Wann d’Wëllbeien net do sinn, verschwannen d’Planzen, a wann d’Planzen net do sinn, verschwannen d’Wëllbeien. Fir dëser negativer Kettereaktioun entgéintzewierken, ginn et nieft dem Liewenstuerm och nach aner Mesuren: Zanter engem Joer gi sougenannten Nisthilfen laanscht d’Musel opgeriicht. Dat si kleng hëlze Këschten, an deenen d’Wëllbeien hir Larve grousszéie kënnen, erkläert de Wënzer Stephan Zilliken. All Joer sollen elo eng 400 Nisthilfen opgehaange ginn, sou datt a 5 Joer ronn 2.000 Nisthilfen ronderëm d’Musel ze fanne sinn.

Och bei sech doheem kann een hëllefen

Och bei sech doheem am Gaart kann een eppes dozou bäidroen, datt d’Wëllbeien et méi einfach hunn. Mat engem Stéck Eechenholz, mat e puer Lächer dra gebuert, bitt een de Wëllbeien eng Plaz, fir een Nascht ze bauen.

Geféierlech ass dat net: De Wëllbeien hire Stachel ass nämlech net grouss genuch, datt si kéinten duerch eis Haut goen. Ofgesinn dovun hu si och manner Interêt ze picken, wéi eng Hunnegbei. Nom Picke stierwe Beie jo. Dee Risk geet eng Wëllbei manner an, déi eleng hir Larve verdeedege muss, wéi eng Hunnegbei, déi an engem grousse Stamm wunnt.

Lauschterenplay_arrow