Radioen

On air

Nei Musek  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mouken hëllefen iwwer d'Strooss ze kommen

Moukewanderung

De Mouken hëllefen iwwer d'Strooss ze kommen

Wann et kal ass, et reent an d‘Sonn ënnergaangen ass, ginn d‘Mouken op hir Wanderung fir ze läichen. An de meeschte Fäll féiert d‘Moukewanderung iwwer geféierlech Stroossen. D‘Gefor, datt se net op der anerer Säit ukommen ass grouss.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

play_arrow
Vlnr: Danielle Schartz, Tom Van den Bossche, Pascale Hoffmann-Wagner (Foto: Maurice Molitor)

Wann et reent an d‘Temperatur ëm déi 10 Grad ass an et schonn däischter ass, maachen d‘Mouke sech op de Wee. Datt se dobäi iwwert eng Strooss mussen ass grad zu Lëtzebuerg immens dacks de Fall. Lëtzebuerg ass an Europa ee vun den am stäerkste fragmentéierte Länner, bedauert den Tom van den Bossche vun Natur an Ëmwelt.

"Dat fragmentéiert dann och eng Mouk vun hirem Bësch an hirem Weier. Do sinn oft Stroossen dotëscht oder Gebaier, déi gebaut goufen."

Massaker verhënneren

Eng Stonn brauch eng Mouk fir iwwert eng Strooss ze goen. Op de Landstroossen, wou d‘Autoe mat 90 Kilometer an der Stonn gefuer kommen, gi se dacks iwwerrannt.

Heiansdo kënne bis zu 100 Mouken ënnerwee sinn an et drot e richtegt Massaker ze ginn. Et ginn awer Leit, déi vill Zäit dran investéieren, de Mouken op hirer Rees ze hëllefen a genau dat ze verhënneren.

„Mouke kritt ee liicht ze paken“

D‘Danielle Schartz an d‘Pascale Hoffmann-Wagner sinn zwou sou Benevollen.

An der Saison vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll maache si sech all Owend, mat engem Eemer, enger Täscheluucht an, jee no Preferenz, och Händchen, op de Wee. D‘Mouke sinn och eigentlech ëmmer op de selwechte Plazen ze fannen.

„Wa se gehopst kommen, d'Mouke si relativ träg, déi kritt ee liicht ze paken - bei Fräsche muss ee scho bësse méi agil sinn. Déi ginn an den Eemer gesat a wann den Eemer dann eebe bis eng gewësse Mooss gefëllt ass, da komme mer eriwwer se bei d'Weieren droen.“

Och an de Gullie kucken d‘Benevollen, ob keng Mouk dra gefall ass.

Tunnellen ënnert de Landstroossen?

Net iwwerall am Land kënnen déi Benevolle de Mouken iwwer d‘Strooss hëllefen. Scho guer net op Landstroossen, wou méi séier gefuer gëtt an et och fir si ka geféierlech ginn. Den Tom van de Bossche erkläert, datt engem do näischt aneres iwwreg bleift, wéi Panneauen opzestellen, déi d‘Leit drop opmierksam maachen, méi lues ze fueren.

Eng weider Méiglechkeet wiere kleng Tunnellen ënnert der Strooss. Wann déi richteg ugeluecht ginn, géifen d‘Mouken och héchstwarscheinlech duerch déi goen.

Amphibie si wichteg Regulateuren

Souwuel den Tom van den Bossche, wéi och d‘Danielle Schartz an d‘Pascale Hoffmann-Wagner stelle fest, datt d‘Populatioun vun den Amphibien drastesch erof geet.

Dobäi sinn Amphibië wichteg Regulateuren. Dat heescht, se hëllefen zum Beispill, datt de Bestand vun Insekten an de Bëscher a bei Gewässer net ze staark klëmmt. Och dofir, wier et wichteg, si ze schützen.

Lauschteren