Radioen

On air

Tockcity  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg huet déi néideg Capacitéite fir dës komplizéiert Zäiten ze meeschteren"

Discours vum Grand-Duc

"Lëtzebuerg huet déi néideg Capacitéite fir dës komplizéiert Zäiten ze meeschteren"

2022 wier keen einfacht Joer gewiescht, sou de Grand-Duc Henri a senger traditioneller Usprooch fir Chrëschtdag. Wichteg Accenten am Staatschef senger Ried war de Kampf géint de Klimawandel, de Krich an der Ukrain, déi héich Inflatioun an déi domat verbonne schwiereg wirtschaftlech Phas.

auto_stories

1 min

Ugefaangen huet de Staatschef seng Ried andeems hie sech enttäuscht iwwer d'Resultat vun der Weltklimakonferenz an Ägypte gewisen huet. Et wiere keng konkret Fortschrëtter do gemaach ginn, sou de Grand-Henri.

Desweidere war et de Constat datt bis elo seelen souvill beonrouegend Entwécklunge beienee komm wieren. Dozou géifen - nieft der Klimakris - de Krich an der Ukrain a seng Konsequenze gehéieren, mee och d'Ënnerdréckung vu Fraen a Kritiker am Iran an am Afghanistan.

Gerechtegkeet an Inklusioun als Pilieren fir d'Gesellschaft

De Staatschef sot nach, hie wier iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg déi beschte Viraussetzungen hätt, fir et wäert fäerdeg brénge mat den aktuellen Defien ëmzegoen. "Lëtzebuerg huet déi néideg Capacitéite fir dës komplizéiert Zäiten ze meeschteren", sou de Grand-Duc.

Hie wier sech och sécher, datt "mir alleguer, Lëtzebuerger, eis auslännesch Matbierger an d'Awunner aus der Groussregioun, déi hei am Land schaffen, eis weider dofir asetze wäerten, eise Gesellschaftsmodell oprecht ze halen". Allerdéngs wier et wichteg, dobäi dofir ze suergen, datt d'Schéier tëscht Aarm a Räich net nach méi ausernee geet an datt déi Lëtzebuerger Gesellschaft inklusiv bleift.