Radioen

On air

De Weekend  |  Nathalie Mangen

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Reprimande géint Staatsrot-Member Lucien Lux

Staatsrot

Reprimande géint Staatsrot-Member Lucien Lux

De Staatsrot huet eng Reprimande géint de Lucien Lux ausgeschwat. Wéi RTL gemellt huet, huet de Staatsrot dat an der Plénière decidéiert.

auto_stories

1 min

De Staatsrot-Member Lucien Lux hat am Juli sengem Client Flavio Becca een Avis iwwert e Gesetzesprojet weiderginn, éier de Staatsrot doriwwer ofgestëmmt hat. Nodeems Reporter.lu dat gemellt hat, huet de Staatsrot säi Comité de déontologie saiséiert.

De Conseil d‘Etat koum zur Konklusioun, datt de Lucien Lux géint seng Obligatioune verstouss hätt an huet eng Reprimande, eng Ruge géint hire Member ausgeschwat. Dat ass déi zweetmannste Sanktioun vu véier.

Op RTL seet de Lucien Lux, datt hien net géint déi Decisioun wéilt an Appell goen.