Impfstoff Net genuch Vaccin: Impfzenter geet just 3 Deeg op

D'Impfcampagne géint de Coronavirus wäert zu Lëtzebuerg, wéi och an aneren europäesche Länner, méi lues ufänke wéi bis elo ugeholl. Den Impfzenter um Lampertsbierg huet d'nächst Woch just dräi Deeg op, well nach net genuch Covid-Impfstoff wäert disponibel sinn. Dat sot eis de Luc Feller, den Haut Commissaire vun der Protection Nationale. An deenen dräi Deeg solle ronn 1.300 Leit geimpft ginn. Wéi et duerno weidergeet, hänkt dovun of, wéi vill Impfstoff wéini geliwwert gëtt.

Maxi Pesch / cbi

Exklusiv Corona-Impfstoff
Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

De Bäitrag lauschteren


Dëse Samschdeg soll eng éischt symbolesch Liwwerung vu Covid-19-Vaccinen zu Lëtzebuerg ukommen, esou den Haut Commissaire à la Protection nationale. Domadder sollen dem Luc Feller no iwwer dräi Deeg, vum nächste Méindeg un, eng 1.300 Leit geimpft ginn.

Zwee Drëttel vun den Invitatioune soll un d'Spidolspersonal goen an een Drëttel un d'Personal aus den Alters- a Fleegeheemer. Déi definitiv Confirmatioun hätt een awer nach net.

No deenen dräi Deeg wäert den Impfzenter seng Dieren dann nees zoumaachen. Wéi et weidergeet, géif vun der Unzuel an dem Delai vun de Vaccin-Liwwerungen ofhänken.

"Wann den Impfstoff hei zu Lëtzebuerg ukënnt, da wësse mir jo wéi vill do ass, dat wäert am Ufank ganz lues ulafen,. Déi Chifferen, déi mir de Moment matgedeelt kréien, änneren all Dag a ginn all Dag e bëssen erof."

Wann den Impfstoff zu Lëtzebuerg ukënnt, da géif een d'Invitatiounen en fonction vun der Unzuel vun Impfstoffer erausschécken. Nom Impfe géif am Impfzenter de Bilan an d'Commande fir den nächsten Dag gemaach ginn.

6.000 Impfstoffer am Januar

Den Haut Commissaire vun der Protection Nationale rechent domadder, datt Lëtzebuerg am Januar genuch Covid-19-Vaccin fir eng 6.000 Leit wäert kréien.

Eng Partie vun de Vaccine soll Ufank Januar an d'Spideeler geliwwert ginn, duerno solle mobil Ekippen an d'Alters- a Fleegeheemer impfe goen.

De Luc Feller hofft, datt den Impfzenter an der Victor Hugo Hal da Mëtt Januar ka richteg opgoen. Wéini déi aner geplangten Impfzenteren opgi wier nach ongewëss.

Méi zum Thema

Illustratioun Gesondheetsberuff Medezin
Coronavirus

D'Lëtzebuerger Autoritéite wëssen awer nach net prezis, wéi vill Impfdosisse Lëtzebuerg an der éischter Liwwerung soll kréien. Eenzel (vulnerabel) Residante sollen nach 2020 eng éischt Dosis kréien.

Impfstoff
Ethikrot

Ufanks soll prioritär d'Personal aus dem Gesondheetssecteur geimpft ginn, heescht et am Avis vum Ethikrot. Dëst wier awer eréischt den Ufank vun der Diskussioun ëm d'Impfstrategie.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen