Radioen

On air

Tockcity  |  Yard Act - We Make Hits

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1,5 Milliounen Tester bis Enn Mäerz 2021

Phas 2 vum Large Scale Testing

1,5 Milliounen Tester bis Enn Mäerz 2021

Wéinst der Corona-Pandemie wäert virun am grousse Stil getest ginn. D'Ministerin Paulette Lenert huet de Moien am Gesondheetsministère Detailer zur Suite vun der Test-Strategie presentéiert. Déi zweet Phas vum "Large scale testing" huet virun zéng Deeg ugefaangen. Bis Enn Mäerz 2021 sollen am ganze ronn 1,5 Millioune weider Tester gemaach ginn, dat fir e Käschtepunkt vu 60 Milliounen Euro plus TVA.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


D'Tester ginn an 8 Statiounen uechtert d'Land gemaach an an duerch mobil Equippen. Nieft bis zu 53.000 Virus-Tester pro Woch, sollen och 1.000 Blutt-Tester d'Woch gemaach gi fir Antikierperen nozeweisen. Der Gesondheetsministerin Paulette Lenert no, soll d'Test-Strategie "strukturéiert, cibléiert a flexibel" sinn.

Dat grouss Zil wier et, d'Zuel vun Infektiounen op engem niddregen Niveau ze halen, esou d'Ministerin. D'Test-Capacitéite sollen esou agesat ginn, datt kann iwwerwaacht ginn, wou de Virus sech an der Populatioun beweegt, a fir Corona-Positiver ze suivéieren. Op een neits huet d'Paulette Lenert een Opruff gemaach, datt d'Leit sech sollen teste loossen, wa si invitéiert ginn.

"Et ass wichteg fir eis an der Santé wierklech déi Informatiounen ze kréien, dat si ganz wäertvoll Informatiounen, déi eis hëllefe Mesurë plangen, déi ons hëllefen evaluéieren, ob d'Situatioun zouléisst, datt mer Mesurë plazeweis oplackeren oder net."

Och an den nächste Méint solle besonnesch exposéiert Persoune reegelméisseg getest ginn. D'Ministerin nennt Gesondheetspersonal a Schüler aus dem Secondaire.

Test duerch d'Nues net méi néideg

D'Statioun um Findel wäert bestoe bleiwen, an och all aner Leit, déi aus der Vakanz kommen, kënne sech virun teste loossen.

Donieft huet d'Ministerin erkläert, datt net méi duerch d'Nues muss getest ginn. Si wier sech bewosst, datt dat bis elo eng Rei Leit ofgehalen hätt, fir sech testen ze loossen an no Concertatioun mat de Laboratoire wier een zur Conclusiouns komm datt "do quasi guer keng Differenz ass, an der Fiabilitéit, dat heescht d'Leit kënne (...) wa se dat wëllen, een Halsofstréch gemaach kréien".

D'Ministerin huet op Nofro hin nach ugekënnegt, datt et imminent wier, datt Schnelltester hei am Land agesat ginn.

8 Teststatiounen an eng mobill Teststatioun

D'Paulette Lenert a Mataarbechter vun ECOLOG virun där mobiller Teststatioun.

Nieft nëmmen nach aacht Teststatiounen uechtert d'Land, ginn d'Tester vun elo un och an enger mobiller Statioun gemaach. Mat dësem grousse Bus soll reegelméisseg bei Institutioune gefuer ginn, fir do Leit ze testen, huet den André Hansen vun der Entreprise Ecolog erkläert.


Den André Hansen vun ECOLOGplay_arrow


"Das heißt wir kommen mit den Tests zu den Bewohnern. Das sind in der Regel Seniorenheime oder ähnliche Einrichtungen. (...) Das ist der planmässige Ablauf. Aber dann ist dieses mobile Team natürlich auch dafür da, dass man schnell reagieren kann. Wenn es also irgendwo ein Cluster gibt, einen Ausbruch gibt, dann kann man schnell reagieren und lokal verstärkt testen. Das können Schulen sein, das können Firmen sein."

Bei den Tester op de Coronavirus kënnen d'Leit sech ëmmer am Hals teste loossen, esou haut d'Paulette Lenert. Den Ofstréch an der Nues wier net méi obligatoresch. Et wier och imminent, dass Schnelltester hei am Land agesat ginn, huet d'Ministerin op Nofro hin ugekënnegt.