Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 12 Méint Prisong mat Sursis a 50.000 Euro Geldstrof fir de Roy Reding

Immobilienaffär

12 Méint Prisong mat Sursis a 50.000 Euro Geldstrof fir de Roy Reding

Den ADR-Deputéierte Roy Reding ass de Moien um Bezierksgeriicht zu 12 Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vu 50.000 Euro verurteelt ginn. Him goufen ënner anerem Dokumenter-Fälschung, Bedruch a Blanchiment virgeworf. De Roy Reding huet op Nofro hi gesot, hie géif "selbstverstsändlech" a Beruffung ze goen.

auto_stories

2 min

De Roy Reding gouf haut an enger Immobilienaffär veruerteelt. Foto: Chambre des députés

Lauschterenplay_arrow


Dem ADR-Deputéierten a Jurist goufen ënner anerem Dokumenter-Fälschung, Bedruch a Blanchiment virgeworf.

Bautereglement war net respektéiert ginn

2016 hat de Roy Reding beim Verkaf vun enger Immobilie an der rue du Kiem um Kierchbierg der Keeferin net matgedeelt, datt sech beim Ëmbau net un d'Bautereglement vun der Stad Lëtzebuerg gehale gi war.

Bei Raim um Rez-de-chaussée, déi als Keller ausgewise waren an zu Wunnfläch ëmgewandelt gi waren, war d'Plaffongs-Héicht, déi d'Bautereglement virschreift, net respektéiert ginn. Doropshi war de Roy Reding schonn 2014 an 2015 dozou verurteelt ginn, den Ëmbau erëm réckgängeg ze maachen.

Hien huet dëst awer net gemaach, mee huet d'Haus 2016 verkaf, ouni dobäi déi nei Proprietärin iwwer dës Geriichtsdecisiounen informéiert ze hunn.

Keen Afloss op Deputéierte-Mandat

D'Geriicht ass mat sengem Urteel ënner deem vum Parquet gefuerderte Strofmooss vun 18 Méint Prisong mat méiglechem Sursis bliwwen. Bei der Geldstrof si si der Demande vum Procureur nokomm.

Dëst Urteel huet awer keen Afloss op dem Roy Reding säi Mandat um Krautmaart, well et sech heibäi ëm en Delikt an net e Verbriechen handelt. Nëmme bei engem Verbrieche kéint d'Chamber iwwer e méiglecht Ophiewe vun der parlamentarescher Immunitéit vun engem Deputéierten decidéieren.

De Roy Reding huet 40 Deeg Zäit, fir géint d'Urteel a Beruffung ze goen. Eis géintiwwer huet hie confirméiert, datt en dat "selbstverständlech" och wäert maachen.