Radioen

On air

De Moien  |  Yannis and The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2.000 Euro pro Frontalier: Corinne Cahen refuséiert Fuerderung

Transnationale Steierausgläich

2.000 Euro pro Frontalier: Corinne Cahen refuséiert Fuerderung

Lëtzebuerg géif scho lauter Infrastrukturprojeten an der Groussregioun ënnerstëtzen, déi de Bierger vun de Grenzgemengen zeguttkommen. Esou reagéiert d'Ministerin fir d'Groussregioun, d'Corinne Cahen, op d'Fuerderung vum Metzer Buergermeeschter Dominique Gros vu viru bal dräi Wochen hei op der Antenn. Dësen hat gefrot, datt Lëtzebuerg 2.000 Euro am Joer pro Frontalier u Frankräich bezuele sollt. Déi Sue sollten de Grenzgemengen zeguttkommen, an deenen e groussen Deel vun den Awunner zu Lëtzebuerg schafft.

auto_stories

2 min

D'Ministerin fir d'Groussregioun Corinne Cahen

D'Fuerderung vun de Grenzregiounen ass net nei. Schonn am Mee d'lescht Joer haten d'Buergermeeschtere vun Tréier a Metz e gemeinsame Bréif un hir jeeweileg Staats- a Regierungscheffen adresséiert, an deem si ëm politesch Ënnerstëtzung bieden. D'Grondproblematik géif dem Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe no dora bestoen, datt déi Tréierer, déi op Lëtzebuerg géife pendelen, och hir Steiere géifen zu Lëtzebuerg bezuelen. Dowéinst misst een oppassen, datt ee bei dem Theema "an der Balance bleift". Hie wier frou doriwwer, datt déi Leit eng Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg hätten, d'Laaschten dierften awer net komplett op der däitscher Säit leien.

Säi Metzer Homolog Dominique Gros huet sech zwou Wochen drop änlech ausgedréckt. An der Lorraine géifen de Gemengen all Joer iwwer 200 Milliounen Euro u Recetten entgoen, well Frontalieren hir Akommessteier zu Lëtzebuerg bezuelen, seet de Metzer Buergermeeschter. Dat entsprécht ronn 2.000 Euro pro Frontalier. Déi Lëtzebuerger Ministerin fir d'Groussregioun Corinne Cahen mécht d'Gemengewalen a Frankräich vun dësem Joer zu engem Deel fir sou Äusserunge responsabel. "Do ass et normal, datt deen een oder aneren elo probéiert iwwer d'Press e bëssen Opmierksamkeet ze kréien. Sief et fir sech oder fir seng Nofollger an der Gemeng. Dat maachen ebe Walen esou aus."

Dominque Gros: De Problem ass méi grondsätzlech

D'Ministerin verweist op eng "exzellent Kollaboratioun" a gemeinsam Projeten tëschent der franséischer an der Lëtzebuerger Regierung. Op deem Wee wéilt ee virufueren, esou d'Corinne Cahen.

Fir de Metzer Buergermeeschter Dominique Gros ass de Probleem awer méi grondsätzlech, d'Steierrecettë misste méi gerecht tëschent de bedeelegte Länner opgedeelt ginn.

Drop ugeschwat mengt d'Ministerin Corinne Cahen, datt déi betraffe Gemengen dës Froe mat hire jeeweilegen Nationalpolitiker missten diskutéieren.

"Et dierf een net vergiessen, datt déi 80 Prozent vun hire Suen och bei sech ausginn. Datt déi ganz TVA dee Moment och do an d'Keese fléisst. Zum Beispill vun der Assurance dépendance, vun de Crèchen, de Chèques services d'acceuil d'Studentebourssen."

Lëtzebuerg géif weider a gemeinsam Infrastrukturprojeten investéieren, esou d'Corinne Cahen. Dës géife net nëmmen de Bierger vun enger Gemeng nëtzen, mee all de Leit op béide Säite vun der Grenz.