Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Extremely Bad Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Gesetz, een Trojaner an ee Stuerm am Waasserglas

Réckbléck 2016

Ee Gesetz, een Trojaner an ee Stuerm am Waasserglas

Dräi Joer waren et d'lescht Joer hir, datt d'CSV-LSAP-Regierung iwwert d'Geheimdéngschtaffär gefall ass an datt et zu Neiwahle komm ass. Mee och 2016 war de SREL nees en Thema. Esou gouf zum Beispill en neie legale Kader fir de Geheimdéngscht gestëmmt. Ee Réckbléck.

auto_stories

3 min

Den néngte Juni, bal genee dräi Joer nodeems wéinst der SREL-Affaire Neiwahlen ausgeruff goufen, huet d'Chamber eng Reform vum Geheimdéngscht ugeholl. Mat enger däitlecher Majoritéit: Just déi fënnef Deputéiert vun ADR an Déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. D'Gesetz gesäit eng verstäerkte Kontroll vum Geheimdéngscht vir, als Reaktioun op d'Dysfonctionnementer, déi virun dräi Joer bekannt goufen.

Vill Deputéiert hu sech am Juni op d'Schëller geklappt a gemengt, dat neit Gesetz wier vill besser, wéi dat alt. De Rapporter an DP-Deputéierten Eugène Berger sot op der Chamberstribün, datt d'Chamber hir Missioun erfëllt hätt.Méi Kontroll, also manner Risiko fir Abusen, esou de Motto. Just, den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet dat anescht gesinn. Hien huet betount, de Grondprinzip am Geheimdéngscht wier deen, "datt desto manner Leit wësse wat geschitt, desto besser ass et."

Staatstrojaner

Mee ob d'Geheimdéngscht-Reform wierklech an all Beräich virun Abuse schützt, ass ëmstridden. De SREL krut mam neie Gesetz nämlech och nei Moyenen. Dorënner d'Asetze vun engem Staatstrojaner bei Terrorismus- oder Spionage-Menacen. Am Juni huet de radio 100,7 gemellt, datt de Geheimdéngscht scho virun der Reform Staatstrojaner benotzt huet fir Leit via Computeren auszespionéieren.

De radio 100,7 huet och gewisen, datt juristesch ëmstridden ass, ob dat neit Gesetz d'Benotze vun Trojaner präzis genuch encadréiert fir Abusen ze verhënneren. De Jurist Pol Urbany sot an deem Kontext, datt verschidde Saachen onprezis géife bleiwen. D'Fro déi misst gestallt gi wier, wat Staatstrojaner iwwerhaapt op der Festplack maachen dierfen an awéiwäit een Abus méiglech wier.

Wann néideg, misst d'Gesetz op deem Punkt nogebessert ginn, sot den CSV-Deputéierte Gilles Roth während dem Vote vum Gesetz. D'Gesetz ass zënter Oktober a Kraaft. Nogebessert gouf et nach net.

Entrevue Kemmer-Bettel

Am Fréijoer huet d''Lëtzebuerger Wort hat gemellt, datt de Xavier Bettel an de fréiere Geheimdéngschtmataarbechter André Kemmer während der SREL-Affaire eng Entrevue haten: Eng Entrevue also tëscht dem Vize-President vun der SREL-Enquêtëkommissioun an engem wichtegen Zeie vun deemools. De Xavier Bettel hat dat deemools net ëffentlech zouginn. Och net nodeems hien aus der Enquêtëkommissioun demissionéiert hat.

No de Presseberichter huet d'CSV eng Demissioun vum Premier an d'Diskussioun bruecht. An der Suite huet de Premier Xavier Bettel zouginn, datt en deemools hätt solle méi transparent mat der Entrevue emgoen. "Et wier besser gewiescht, ech hätt deemools och an der Kommissioun deklaréiert, datt ech net méi Member vun der Enquêtëkommissioun sinn, well ech d'Gefill hat, den Här Kemmer kéint eng perséinlech Renconter mat mir mëssbrauchen, fir vu senger Roll an der Affär ofzelenken", esou dem Premier seng Wieder.

Um Enn huet den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler keng Demissioun verlaangt. Hien huet awer d'Konklusioun gezunn, datt dem Premier seng Credibilitéit duerch d'Affär gelidden hätt. Domat allerdéngs hat et sech: par rapport zu de méi fundamentalen Diskussiounen iwwer dat neit Geheimdéngschtgesetz war d'Affaire Bettel-Kemmer um Enn e Stuerm am Waasserglas.