Radioen

On air

Tockcity  |  Sheebaba - Ambulanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2017 an der Medezin

Joresréckbléck

2017 an der Medezin

Vum medezinesche Cannabis bis zur Unerkennung vun der Osteopathie als Beruff. Wéi eng Themen hunn 2017 am Gesondheetswiesen dominéiert, a wat waren déi wichtegst Entwécklungen?

auto_stories

2 min

Bannent de nächsten zwee Joer sollen 80 bis 100 Patienten déi spezifesch Critèren erfëllen, fir Accès zu medezineschem Cannabis ze kréien. D'Verdeelung soll iwwert eng Spidolsaptikt lafen, esou d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch bei der Presentatioun vum Pilotprojet am November. Do géif dann an engem securiséierten Ëmfeld pharmazeutesch konditionéiert an doséiert ginn. Et wéilt ee ganz cibléiert virgoen, an och d'Kontrollméiglechkeeten e Maximum ausschöpfen.

Sech géint HIV schützen

Mam prophylaktesche Medikament PrEP kann ee sech virun HIV-Infektioune schützen, wann een zum Beispill Sex mat engem HIV-positive Partner huet. Zu Lëtzebuerg krute bis ewell knapp 30 Leit Accès zum Medikament duerch de Pilotprojet PrEP, esou den Dokter Vic Arendt vum Centre Hospitalier am November. D'Medikament wier awer net als Ersatz zum Kondom ze gesinn, mä als zousätzleche Schutz.

Aktiounsplang géint Hepatite

Der Aschätzung vum Gesondheetsministère no hu 5.000 bis 10.000 Mënschen eng Hepatite-Infektioun zu Lëtzebuerg. Mëtt Dezember ass den éischten nationalen Aktiounsplang géint d'Hepatite virgestallt ginn. Nieft verstäerkter Preventiounsaarbecht ass de Bau vun enger neier Wunnengsstruktur geplangt, an där infizéiert Leit aus engem prekären Ëmfeld behandelt kënne ginn, sou d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Neiregelung vum Beruff Osteopath

De Beruff vum Osteopath soll deemnächst unerkannt a gereegelt ginn. D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet den deementspriechende Gesetzprojet ufanks Dezember virgestallt. Fir an Zukunft als Osteopath unerkannt ze ginn muss een eng Formatioun vun Niveau Master virweisen. De Jean Bofferding, President vum Osteopathe-Verband ALDO, war averstane mat dësem Critère. E wier noutwenneg, fir d'Seriositéit am Beruff oprechtzehalen.

En neit Spidolsgesetz

En Thema, dat ufangs 2018 nach an der Gesondheetskommissioun an der Chamber soll diskutéiert ginn ass de Monopol vum Staatslabo op Analysen am Beräich vun der pathologescher Anatomie. Dëse Monopol soll duerch dat neit Spidolsgesetz confirméiert ginn, onkloer ass awer nach, ob dat gerechtfertegt ass.