Radioen

On air

Notturno  |  Damien Jurado - Ohio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Generaldirectrice Laurence Zenner

CFL cargo

Nei Generaldirectrice Laurence Zenner

CFL cargo plangt een neien zousätzlechen Atelier zu Beetebuerg ze bauen, fir d'Maintenance vun den Zuch-Waggonen ze verstäerken. Donieft soll d'Internationaliséierung viru gedriwwe ginn an de Reseau ausgebaut ginn. Dat huet déi nei Generaldirectrice vun CFL cargo Laurence Zenner am 100,7-Interview ugekënnegt.

auto_stories

2 min

Zënter 2014 schafft CFL cargo rentabel. 2016 gouf et mat engem konsolidéierten Netto-Benefice vun 8,5 Milliounen Euro dat bis elo beschte Resultat.

CFL cargo gëtt et zënter Enn 2006. D'Gesellschaft gehéiert der CFL an dem Stol-Produzent ArcelorMittal. Hir Haaptservicer sinn de regionalen an internationalen Transport vu Gidder op der Schinn.

Nei Generaldirectrice vun CFL cargo

Zënter dem 1. Januar 2018 ass déi fréier CFL-Generalsekretärin Laurence Zenner déi nei Generaldirectrice bei CFL cargo. Si ass Nofolgerin vum Marc Polini, deen an d'Pensioun gaangen ass.

"Dat ass eng ganz flott Erausfuerderung, e ganz schéinen Challenge fir mech", esou d'Laurence Zenner am Interview um radio 100,7. D'Entreprise soll weider gutt Resultater maachen a sech weider developpéieren.

Entwécklung an Expansioun

Zum Grupp CFL cargo gehéiert den Atelier CFL technics. Geplangt ass, datt een neien zousätzlechen Atelier zu Beetebuerg soll gebaut ginn, fir d'Maintenance vun de Waggoen ze verstäerken, esou d'Laurence Zenner. Bei den auslännesche Filiale vun CFL cargo soll d'Internationaliséierung weider gedriwwe ginn.

De Reseau soll virun ausgebaut ginn: de Moment ginn et fënnef Haaptachsen, op Antwerpen, an den Oste vun Däitschland, a Richtung Schwäiz an Italien, an den Norde vun Europa an a Frankräich.

Nei multi-modal Plattform

CFL cargo ass e Client vun der neier multi-modaler Logistik-Plattform zu Beetebuerg-Diddeleng. Dës Plattform ass zënter dem Juli 2017 offiziell op. Duerch déi modern Logistik-Infrastruktur op 33 Hektar géif et fir CFL cargo ganz bestëmmt eng Wuesstems-Perspektiv ginn, huet déi nei Generaldirectrice betount.

Décke Client ArcelorMittal

CFL cargo gehéiert ArcelorMittal zu engem Drëttel. "Fir onse grousse Client a Partner ArcelorMittal maache mir verschidde Prestatiounen, engersäits dee ganzen Traffic inter-usines hei am Land an op Sitten a Frankräich an anerersäits international Zich, wéi zum Beispill op Antwerpen", esou d'Laurence Zenner. ArcelorMittal wier nach ëmmer deen déckste Client vun CFL cargo an et géif eng ganz gutt Relatioun mam Aktionär ginn.

D'Fermeture vum ArcelorMittal-Wierk zu Schëffleng hätt sech ganz staark an den Zuele gewisen an et wier eng Ursaach, firwat bei CFL cargo eréischt zënter 2014 Benefice gemaach gëtt.

Dialog mat de Gewerkschaften

De Grupp CFL cargo beschäftegt ronn 700 Leit. De leschte Juli gouf een neie Kollektivvertrag fir de Grupp CFL cargo ënnerschriwwen. An der Vergaangenheet goufen et deelweis méi schwiereg Verhandlungen.

Déi nei Generaldirectrice Laurence Zenner erwaart sech fir d'Zukunft e positiven Dialog an eng gutt Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften.

Déi privat-wirtschaftlech Gesellschaft CFL cargo war 2006 gegrënnt ginn, also sougenannte "Lëtzebuerger Äntwert" op déi europäesch Liberaliséierung am Beräich vum Gidderverkéier iwwert d'Schinn.