Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charles Goerens: Kandidat bei den Europawahlen 2019

DP-Europadeputéierten

Charles Goerens: Kandidat bei den Europawahlen 2019

De Charles Goerens geet de 14. Oktober 2018 net mat an d'Chamberwahlen. Dat huet den DP-Europadeputéierten am 100,7-Interview confirméiert. Hien hätt en definitive Stréch ënnert eng Kandidatur op nationalem Plang gezunn.

auto_stories

3 min

Den DP-Politiker wëllt 2019 awer erëm mat an d'Europawahle goen. "Ech si passionéiert an deem, wat ech maachen", esou den Europa-Deputéierten.

Bei den Europawahlen 2014 hat de Charles Goerens hannert der CSV-Politikerin Viviane Reding déi zweet-meeschte Stëmme kritt.

Bei de Chamberwahlen 2013 hat de Charles Goerens kandidéiert an hat déi meeschte Stëmmen am Bezierk Norde kritt. Kuerz drop hat hien decidéiert, fir säi Chambermandat net unzehuelen an net Minister ze ginn, well no de virgezunnene Wahlen net mat der CSV geschwat gi war. "Ech sinn der Meenung, datt ech net falsch louch, an deem ech no de Wahlen zu deem stoung, wat ech an der Wahlcampagne gesot hunn", esou de Charles Goerens haut iwwert d'Situatioun vun 2013.

"E Bäitrag zur Erheiterung"

Dem Vize-Premier Etienne Schneider (LSAP) seng aktuell Iddi, fir e politescht Géigegewiicht wëllen ze schafen, wann d'CSV bei de Chamberwahlen 2018 eng iwwerdimensionéiert Kraaft géif ginn, hält de Charles Goerens fir ee "Versuch, deen éischter e Bäitrag zur Erheiterung ass".

De Lëtzebuerger Wahlsystem géif dat net hierginn, esou den DP-Europadeputéierten. Hie kéint sech och schlecht virstellen, datt d'Parteien, déi elo schonn an der Virbereedung vun de Chamberwahle sinn, bereet wieren, op dëse Wee ze soen. D'Situatioun hei am Land wier ganz anescht, wéi déi a Frankräich, wou et e presidiale System gëtt, huet de Charles Goerens erkläert. Et wier e vireilege Schrëtt fir ze soen, datt d'Parteien zu Lëtzebuerg iwwerflësseg wieren.

Am Interview mat Paperjam hat den Etienne Schneider gesot, hien hätt iwwer eng En marche-Beweegung zu Lëtzebuerg nogeduecht. Seng perséinlech Iwwerleeunge wieren déi, datt wann d'CSV am Oktober 2018 géing eng quasi absolut Majoritéit kréien, déi aner Parteien iwwert eng Fusioun missten nodenken.

EU-Budget: Méi oder manner fir Lëtzebuerg?

Zu de Pläng vun der EU-Kommissioun fir de Budget vun der Europäescher Unioun an den nächste Joren ëm op d'mannst zéng Prozent wëllen ze vergréisseren an der Tatsaach, datt duerch de Brexit manner Sue wäerten do sinn, huet de Charles Goerens gemengt, datt och Lëtzebuerg dowéinst net ongeschuer dovu kéim.

De finanzielle Kader fir d'Joren 2021 bis 2027 ass ee vun de groussen europäesche Chantieren. Den EU-Budgetskommissär Günther Oettinger wënscht sech eng Decisioun virun den Europawahlen 2019.

Wann d'Migratiounspolitik an Zukunft méi Sue vun der Europäescher Unioun kréich, da kéint Lëtzebuerg zum Deel entlaascht ginn, well Lëtzebuerg op deem Plang ganz vill géif maachen, esou de Charles Goerens am 100,7-Interview. An der Agrarpolitik kéint Lëtzebuerg dogéint eventuell méi schlecht ewech kommen.

Dem DP-Europadeputéierten no wier et nach ze fréi fir kënnen ze soen, ob wéinst dem geplangte Brexit op EU-Niveau muss gespuert ginn, d'Memberstaate méi déif an d'Täsch musse gräifen, oder ob et eng Mëschung vu béidem kéint ginn.

Fir de Finanzkader fir d'Joren no 2020 sollen et vun der EU-Kommissioun am Mee konkret Virschléi ginn.

"Warnschoss a Richtung Polen"

Am Sträit tëscht der EU an der riets-konservativer polnescher Regierung wier een am Ufank vun engem Prozess, dee mam Lancement am Dezember 2017 vun enger Prozedur vun der EU-Kommissioun géint Warschau ugefaangen huet, esou de Charles Goerens.

Dëst wier e "Warnschoss a Richtung Polen", wéinst der ëmstriddener Justizreform.

Dat wat changéiert hätt, wier dat Atmosphärescht, huet den DP-Europadeputéierten analyséiert, no der Regierungsëmbildung zu Warschau dës Woch. Polen misst senger Meenung no ganz sécher noginn.

Wa Polen ugeprangert gëtt, da géif och dee Courant am Land gestäerkt ginn, deen net mat der aktueller Regierung averstanen ass. "Déi Leit, déi op d'Strooss ginn, hu ganz vill Courage, well d'Regierung mécht hinne keng Cadeauen (...). Mir sinn och deene Leit, déi sech fir Rechtsstaatlechkeet a Polen asetzen, eppes schëlleg", esou de Charles Goerens.