Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Op dem Client seng Wënsch agoen!"

Tourismus op der Musel

"Op dem Client seng Wënsch agoen!"

De Päischtweekend gëllt als en éischten Héichpunkt vun der Touristesaison. An der Regioun ronderëm d'Musel sinn se zefridde mat der Evolutioun am Secteur - en neien Touristenzenter zu Éinen an di grenziwwerschreidenden Zesummenaarbecht sollen d'Attraktivitéit fërderen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow D'lescht Joer huet den Tourismussecteur op der Musel eng Hausse vu 4% verbucht. "Mir sinn zefridden", seet de Gilles Estgen, de President vum ORT " Miseler Land" - et géif awer kontinuéierlech weider geschafft ginn, fir d'Musel als Lëtzebuerger Wäiregioun an iwwert d'Grenzen ewech bekannt ze maachen. Dofir géifen och eng Partie Projete mat der däitscher Säit vun der Musel lafen. "Mir hunn hei kee Konkurrenzdenken", verséchert de Gilles Estgen, "als Wéi vun Europa" wier fir déi Lëtzebuerger Säit keng Grenz do. Fir awer attraktiv ze bleiwen, géifen ëmmer nei Produiten entwéckelt ginn, déi individuell op den Tourist zougeschnidde sinn. Dee wéilt haut net méi eng Saach - seng Visitt soll e reegelrecht Erliefnis sinn.

Flosscroisièrë bréngen nei Clientèle

"Flosscroisièrë sinn am Trend, si bréngen nei Leit, an dat ass positiv", seet de Gilles Estgen. Zesumme mat den Operateure géif probéiert ginn, de Leit en attraktive Programm an der Regioun unzebidden. Bis elo leeën d'Schëffer an der Reegel zu Réimech un an d'Gäscht ginn da mat Bussen an d'Stad oder och op Tréier gefouert - do wëllt een eppes dogéint setzen.

Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen

Am Gebai vum aktuelle Wäimusée zu Éinen soll vum Hierscht un den "Centre mosellan" entstoen. "Mir kommen ewech vum verstëbste Konzept vum Musée" seet de Gilles Estgen. Am neien Zenter soll d'Informatioun iwwer d'Musel an de Wäibau an de Mëttelpunkt gestallt ginn - "optesch flott a mat vill Interaktivitéit" - sou de Gilles Estgen. An dësem Zentrum sollen an Zukunft och Kongresser mat tëschent 100 an 150 Leit ofgehale kënne ginn.


Den Interview vum Sophie Morang mam Gilles Estgen:

Lauschterenplay_arrow