Radioen

On air

Notturno  |  Advance Base - Love At The Five & Dime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2018 war fir den CHL e gutt Joer

Gesondheet

2018 war fir den CHL e gutt Joer

Iwwer 170.000 Patiente sinn zejoert am CHL behandelt oder diagnostizéiert ginn. Eng Populatioun déi wiisst an e méi héijen Duerchschnëttsalter sinn zwee Grënn, wisou d'Zuel u Prestatiounen am CHL zanter Jore klëmmt, seet de Romain Nati, Generaldirekter vum CHL. D'Qualitéit vun de Servicer am CHL gouf zejoert vun enger internationaler Kommissioun ënnert d'Lupp geholl a mat engem Qualitéitslabel präméiert. De Maurice Antony huet mam Romain Nati geschwat.

auto_stories

2 min

De Romain Nati ass Generaldirekter vum CHL

D'Akkreditéierung bei der sougenannter Joint Commission International wier eng Unerkennung fir déi vill Efforten, déi am CHL gemaach goufen, esou de Romain Nati. Iwwer 1000 Parameter géife wärend der Evaluatioun vun den Experten op de Leescht geholl. Eng vun den Top-Prioritéite wier d'Sécherheet vum Patient. Et géif awer och vill Wäert op d'Patienterechter an op d'Matabezéie vun der Famill geluecht ginn, genee wéi op de "Circuit vum Medikament", dat heescht déi eenzel Etappen, déi ee Medikament duerchleeft. Vun der Liwwerung, iwwer de Stockage, bis hin zur Administratioun. D'Sécherheet vun den Infrastrukure wieren aner wichteg Punkten an och d'Qualifikatioun an d'Formation continue vum Personal wier e Critère.

Sou wéineg Dokumentatioun wéi méiglech, sou vill Dokumentatioun wéi néideg

Et solle weider Efforte bei der Präventioun vun Infektioune bannent dem Spidol gemaach ginn, seet de Romain Nati. Donieft soll och d'Dokumentatioun verbessert ginn. D'Dokumentatioun vun de Servicer a Prestatioune wiere fir de Patient eng "Sécherheet, datt alles geaach ginn ass, wat huet misste gemaach ginn. Dat heescht, datt de Patient d'Recht op e Patienten-Dossier huet, deen "uerdentlech dokumentéiert ass".

Datt duerch d'Dokumentatioun de Service um Patient ze kuerz kënnt, léisst de Romain Nati net gëllen. Et sollt ee keng onnéideg Dokumentatioun maachen, mee wann een d'Resultater beim Patient wéilt verbannen, da misst een dat och moosse kënnen, sou de Romain Nati.

Kommunikatioun ass e wichtege Punkt

De finanziellen Exercice vum CHL fir d'Joer 2018 schléisst mat engem liichten Excedent of. Zënter 2007 hu sech Käschten a Recettë vum CHL mat jee ronn 400 Milliounen Euro bal verduebelt. D'Personal-Käschte maachen hei de Gros aus. "Dat ass och gutt esou an normal. An et ass och richteg, datt een dem Spidolspersonal eng attraktiv Remuneratioun kann ubidden, fir datt déi Gesondheetsberuffer och am internationale Vergläich nach attraktiv bleiwen."

D'Präisser vun de Medikamenter géifen e groussen Deel vum Käschtepunkt ausmaachen. D'Sproochenthematik am Santés-Secteur géif seriö geholl ginn, seet de Romain Nati. De gesamt-gesellschaftleche Kontext dierft een awer net negligéieren. D'Zuel u Residante géif net duergoe fir de Besoin u Spidolspersonal ze decken, sou datt d'Kompetenzen och aus dem noen Ausland komme missten. D'Kommunikatioun wier en immens wichtege Punkt an dofir géif een och jiddweerengem, deen an den CHL wéilt schaffe kommen , urode sech mat der Lëtzebuerger Sprooch "ze familialiséieren", sou de Romain Nati. Ronn 2.350 Salariéen zielt den CHL. Iwwer 3 Véierel heivunner si Fraen.