Radioen

On air

De Moien  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-politesche Réckbléck: Bleift d'Fidesz do, wou se war?

Europa Aktuell

EU-politesche Réckbléck: Bleift d'Fidesz do, wou se war?

Wat geschitt mat der ungarescher Fidesz Partei am Europaparlament? Dat freet eis EU-Korrespondentin Danièle Weber am EU-politesche Réckbléck.

auto_stories

1 min

100k,7 Eu-Korrespondetin Danièle Weber

Am Europaparlament gouf et déi lescht an des Woch schonn déi éischt Reuniounen. Et geet drëm Fraktiounscheffen ze wielen, Posten ze verdeelen. An et geet et och drëms, wéi eng Koalitioune no de Wahle forméiert ginn.

Des Woch huet déi gréisst Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei, hire Chef gewielt. An do stellt sech natierlech d'Fro. Wat geschitt mat Fidesz, der Partei vum Viktor Orban?

Hir Memberschaft war jo suspendéiert ginn. Déi 13 Fidesz-Deputéiert goufen awer bis elo bei déi 176 Deputéiert vun der EVP gezielt. A si erhiewen och Uspréch op Posten am Parlament.

Wéi gëtt dat Partei-intern diskutéiert? A wéi gesäit et aus mat enger grousser Fraktioun um riets-extreme Bords?

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.