Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Enn vum Jeudi och eng Chance?

Kommentar

Ass d'Enn vum Jeudi och eng Chance?

Gëschter ass déi lescht Editioun vun der Wochenzeitung "Le Jeudi" erauskomm. D'Verschwanne vum "Jeudi" ass en Zeeche fir d'Saturatioun vum Lëtzebuerger Mediemarché - an dovunner, datt déi ekonomesch Realitéite jorelaang ignoréiert goufen. Mee vläicht huet et och eppes Positives.

auto_stories

2 min

Datt de "Jeudi" op senger allerleschter Une seng eegen Doudesannonce huet misse printen, deet wéi. Et deet dem Lëtzebuerger Journalismus wéi, dem Verlag an de Verantwortlechen. An am meeschten deet et fir déi betraffe Journaliste wéi, fir déi elo e Sozialplang muss ausgeschafft ginn.

Et ass schued, datt d'Lëtzebuerger Medielandschaft mam "Jeudi" seng franséischsproocheg Wochenzeitung verléiert. Mee wa mer éierlech sinn, et dierft eis u sech net wonneren. Wëll d'Realitéit vum Marché hätt u sech verlaangt, datt et scho viru laangem dozou hätt misse kommen.

Saturéiert a subventionéiert

Datt de "Jeudi" elo seng lescht Editioun geprint huet, wéist, wéi iwwersaturéiert d'Medielandschaft hei am Land ass. Wuel verstanen, Mediepluralismus ass eppes Guddes a mir kënne vu Chance schwätzen, datt mer zu Lëtzebuerg esou vill a verschidde Medien hunn. Mee datt mir hei esou vill verschidde Medien hunn, läit natierlech un éischter Linn un der Pressehëllef.

Um Prinzip Pressehëllef, op mannst um ugeduechte But dovunner, gëtt et näischt auszesetzen. Mee déi staatlech Pressehëllef huet dozou bäigedroen, datt besonnesch déi grouss Verlagshaiser sech et konnte leeschten, déi ekonomesch Realitéite vum Marché z'ignoréieren.

Wéi se dunn ugefaangen hunn, no alternative Finanzéierungsmodeller à la Wort+ an Tageblatt Premium ze sichen, war et scho laang ze spéit. Et ass déi selwecht Erfarung, déi vill grouss Medien och am Ausland maachen.

Dat richtegt doraus léieren

Editpress, den Editeur vum "Jeudi", hätt d'Wochenzeitung nach kéinten um Liewen halen, wann de Wonsch do gewiescht wier. Mee dee Wonsch war eben net méi do, sot de Jean-Lou Siweck, Direkter vun Editpress a Chefredakter vum Tageblatt am Interview mam Radio 100,7. Dofir huet d'Verlagshaus ze vill aner Suergen. An och déi dierfte gréisstendeels finanzieller Natur sinn.

De "Jeudi" also weider un engem grousse Baxter voll mat Pressehëllef hänken ze loossen, wier laangfristeg natierlech net d'Léisung gewiescht. An deem Sënn kann den Ënn vum "Jeudi" eppes Positives hunn.

Vläicht gi mer eis bewosst, datt mer eise Fokus net op d'Quantitéit vun de Medie sollte leeën, mee op d'Qualitéit. An dat ass op kee Fall a Richtung vum "Jeudi" geriicht. Wann et Editpress awer geléngt, déi finanziell Mëttel, déi an d'Wochenzeitung gestach goufen, zur Verbesserung vu sengen anere Produit'en anzesetzen, dann huet d'Medielandschaft zu Lëtzebuerg um Schluss vläicht gewonnen.